Laly an Jasmine leeden iech haut duerch déi alleréischt Episod vum move.Podcast “fënnefopzwielef”. Wann et ëm eis Zukunft geet, hu mir et selwer an der Hand. Dat gëtt eis Jonken jiddefalls oft gesot. Engagéiert iech, soen se, setzt iech an fir dat, wat iech wichteg ass! Ma dat ass net ëmmer esou einfach, besonnesch an enger Welt déi ëmmer méi komplex gëtt a wou d’Krisen sech heefen. Mir schwätzen an dëser éischter Episod vun der neier Staffel driwwer, wou een sech hei zu Lëtzebuerg gesellschaftspolitesch engagéiere kann a firwat dësen Engagement sech nach ëmmer lount. Ausserdeem stelle mir e puer Projete fir, wou […]