Fiasko Fest

Fiasko Fest

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Fiasko Fest episodes

  • S04E08 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Sally Wagner
    D’Sally Wagner ass Content Creator, net wierklech Influencerin, well, naja. Dir wësst schonn. Et ass net sou einfach an dem groussen Internet. Sécher ass, si schwätzt iwwer alles, wéi seet een esou schéin, iwwert Gott a Welt. Mol witzeg, mol net, mol iwwer perséinlech Erfarungen an oft weess si guer net sou genau wat si do sou mécht? Verschidde Situatioun ginn awer och mol séier eescht. An déi kennen dozou féieren, dass een e ganze Frëndeskrees verléiert. Wisou? Well engem net gegleeft gëtt. Wat ass do genau geschitt? De Luc Spada freet a senger Show Fiasko Fest no.
    0 min
  • S04E07 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Carmen Baustert
    An op eemol ass si do, sou eng Aggressioun, esou eng Iwwerfuerderung. An da weess een net mei sou genau wouhin domat. An et geet een op sech zeréck geworf. D’Influencerin Carmen Baustert ass Mamm an si konnt sech net virstellen, wéi krass psychologesch „dat Ganzt“ ass. Dat mat deene Kanner. An och wann si et net bereit, Kanner ze hunn, kennt et hier alt och mol fir, dass si sech drun erënnert, wéi d’Liewen ouni Kanner war. Wéi domat ëmgoen? Dat wollt de Luc Spada bei Fiasko Fest, eng Sendung fir all Mënsch, mat oder ouni Kanner, ganz genau wëssen.
    51 min
  • S04E06 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Laure Cales
    Zukunftsplanung ass net sou einfach. Dat weess och d’Laure Cales, grad dann, wann een sou vill scho gemaach an erlieft huet. Et ass net ëmmer einfach no vir ze kucken, wann ee weess, wat hannert engem läit. Dat mécht eppes mat engem. A natierlech, do kennt dem Luc Spada seng Invité bei Fiasko Fest net derlaanscht ze erzielen, ass den Iwwergang vun "Living the dream" op "de Buttek zoumaachen" e schwierege Schratt. Verantwortung huelen an zwar éier et ze spéit ass. Dat huet déi haiteg Yoga Léierin matt hirem eemolege Secondhand Geschäft Pilea gemaach. An dann? Dat gitt dir natierlech just an dëser Sendung iwwert d’Scheitere gewuer.
    50 min
  • S04E05 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Maxime Toussaint
    De Maxime Toussaint ass dräi Joerzéngten al an Head of Podcast beim Journal. De Luc Spada huet sech fir dës Episod bei Fiasko Fest e Medieprofi an d’Sendung geholl. E Mënsch, deen et also méi gewinnt ass hannert an net virun dem Mikro ze sinn. Mee Ausname bestätege bekanntlech d’Reegel a sou wonnert een sech och net, datt de Maxime, quasi als Hobby, och nach Proff ginn ass, obwuel hien sech ni an der Schoul wuel gefillt huet. Oder wéi een et och ausdrécke kann: De Maxime hëlt seng Revanche andeems hien zeréck an d'Schoul geet. Dës Kéier, denkt un d'Ausnam, op der anerer Säit vum Pult.
    53 min
  • S04E04 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Kodji
    FR
    Kodji a grandi avec les mangas, les dessins animés et le hip-hop. Ce sont ces influences qui façonnent son univers : l'espièglerie, l'inspiration, l'émotion. Et ce n'est pas toujours simple de laisser cette espièglerie s'exprimer face aux obstacles administratifs, ni de se discipliner. Mais c'est notamment depuis que l'invité de Luc Spada a rencontré sa copine que les choses ont changé. Comment on se construit une carrière pas à pas, avec des to-do lists, des doutes sur soi-même. Et comment on continue quand même : tout ça, bien sûr, chez Fiasko Fest.
    LU
    De Kodji ass mat Mangae, Zeechentrickfilmer an Hip-Hop opgewuess. An et sinn déi Aflëss déi säin Universum ausmaachen, d’Verspilltheet, d’Inspiratioun, d’Emotioun. An et ass net ëmmer einfach déi Verspilltheet op Käschte vun den administrativen Hürde falen ze loossen an sech matt Disziplin ze beschäftegen. Mä spéitstens nodeems dem Luc Spada säin Invité seng Frëndin kennegeléiert huet, huet sech dat och geännert. Wéi et ass sech lues a lues eng Karriär opzebauen, matt To-Do Listen a Selbstszweiflen an awer weiderzemaachen, alles dat: natierlech bei Fiasko Fest.
    50 min
  • S04E03 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Georg Poensgen
    De Georg Poensgen fënnt se net einfach ze beäntweren, déi eng Fro, wat een als Mënsch ausmécht. Sécher ass d’Mënschlechkeet, iergendwou tëscht Modelen, Mental Health an Diplomatie. Gedriwwe vun der Empathie an enger Welt voller Krisen, ass dem Georg säin Haaptmotor aus dëser Welt eng besser ze maachen. Esou gutt et geet an och selwer fir sech eraus fannen, wat et wierklech ass, wat hie wëll. An do eng Entscheedung ze treffen, wann een sech fir souvill Saache gläichzäiteg begeeschtere kann, ass net einfach. A bis dohin, lant een dann och mol an Argentinien. De Luc Spada freet no.
    52 min
  • S04E02 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Katrin Kohl

    Kann ee vun Affer schwätzen, wann ee sech et selwer erausgesicht huet? Héichleeschtungssport ze maachen, gewannen ze wëllen an u Kompetitiounen deelzehuelen. An sech dofir dann ëmmer erëm disziplinéieren? Net wierklech, mengt d’Para-Liichtathletin Katrin Kohl. Grad wann een e bëssi méi al gëtt, wann de Kierper engem séier seet, wann een net genuch geschlof huet oder sech änlech „Feeler“ erlaabt huet. Grad elo mat 30, obwuel dem Luc Spada seng Invité bei Fiasko Fest déi éischt Downs éischter mat 29 hat. Grad dann, wann d’Banke mat an d’Spill kommen.

    47 min
  • S04E01 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Marc Angel
    Deen ee Béier do. Iergendwou zu New York an enger Bar. An awer war de Politiker Marc Angel mat sengem deemolege Partner een drénken: ënner Leit sinn, nei Mënsche kenneléieren, eng gutt Zäit hunn. An obwuel de Marc Angel kee jalouse Mënsch ass, ass dat keng Garantie, dass net awer eppes geschéie kann. An et ass eppes geschitt an enger Zäit, wéi sou oft, wou et wierklech net hätt misse sinn. Enger Zäit, an der dem Luc Spada säin Invité definitiv een u senger Säit gebrauch hätt amplaz e weidere Mënsch ze verléieren.
    53 min
  • S03E44 Heiansdo deet et wéi: Nora Kehli
    Op der Sich no deene Biller, déi ee villäicht nach net sou gesinn huet. Dat ass definitiv eng wichteg Motivatioun fir d’Nora Kehli Filmer ze maachen. Dat ass déi eng Erausfuerderung. Eng aner ass dovunner liewen ze kennen. Stolz op dat sinn, wat ee mécht an awer och d’Elteren net ze enttäuschen.
    Grad dann, wann een sech och nach géint eng Karriär beim Stat entscheet huet. Do stellt sech séier d’Fro: Fir ween mécht en dat alles? A wisou traut een sech sou wéineg? De Luc Spada mécht sech bei Fiasko Fest matt senger Invité op d’Sich.
    52 min
  • S03E43 Heiansdo deet et wéi: Oke
    Et dauert net laang, wann een e Gespréich mam Museker Oke féiert, bis datt d’Theema Identitéit opkënnt. Identitéit an all senge Facetten: Hierkonft, Sexualitéit, kënschtlerescht Schaffen. Awer sécher ass: Fir den Oke ass do, wou hien hierkënnt, nämlech aus Lagos, Nigeria, déi dreiwend Energie fir seng Konscht a säi Liewen. An trotzdeem fillt hie sech als Lëtzebuerger, och wann him de Wee vun der Integratioun, wéi hie mat 8 Joer zu Lëtzebuerg ukoum, extreem schwéier gemaach gouf. Stéchwuert: Rassismus. Fiasko Fest gëtt moderéiert vum Luc Spada.
    0 min

About Fiasko Fest

From the publisher's feed

Mir maache Plaz fir d'Scheiteren. Eng Bün fir Verléierinnen a Verléierer. Eng Anti-Haltung zu éiweger Leeschtung ...