RTL - FLH 7 Meter

FLH Magazin '7 Meter', 10/11/2015


Listen Later

Am Aller- an am Retourmatch hunn d’Roud Léiwen déi éischt Halbzeit géint d’Hollänner verschlof Nadine. 2 Mol waren si 6 Goaler hannen an der Paus.
Den Aller-Match an Holland ass och mat 6 Goaler verluer gaangen.
Also  war di 2. Halbzeit am Fong gläich ausgaangen.
No 60 Minutten gouf et am Retourmatch eng Differenz vu 4 Goaler.
Haaptsächlech well de Martin Muller ganz gutt gespillt huet.
Am Fong hunn d’Lëtzbuerger di 2. Halbzeit gewonnen mä dofir kritt ee kee Punkt. De Nationaltrainer Adrian Stot ass allgemeng net onzefridden.
CUT Stot
Wéi erkläert den Tommy Wirtz de ratéierten Ufank vun der Parti.
CUT Wirtz
Stellt iech emol fir mer géifen mat 0-0 ufänken, wat géif dat ginn ?
Vis-à-vis war eng Equipe mat 4 Bundesliga Profien. D’Resultat ass deemno ganz an der Rei géint d’Oranjeteam.
Elo gëllt et sech nees op d’Lëtzbuerger Championnat ze konzentréiern. Eis Nationalspiller mussen also séier am Kapp ëmschalten.
Am Grupp 6 ass d’Schwäiz di 3. Equipe. Bei der Nati spillt den Andy Schmid vläicht di bescht Mëtt op der Welt.
2014 an 2015 gouf den Spillmëscher vun den Rhein Neckar Löwen als beschte Spiller vun der Bundesliga gewielt.
Den Hollänneschen Nationalspiller  Fabian Van Olphen spillt zu Magdeburg a muss virun de Lännermatcher géint d’Schwäiz géint den Andy Schmid an d’Rhein Neckar Löwen untrieden.
Hien huet den Trick fonnt fir de Schmid auszeschalten.
CUT Van Olphen
D’Lëtzebuerger mussen am Januar géint d’Schwäiz untrieden.
VIRGULE FLASHBACK
D‘Red Boys, den Déifferdenger Traditiounsveräin,  huet de Week-end seng 75 Joer gefeiert dës mat engem schmoke Fest.
Di Déifferdenger sinn an hirer Geschicht 7 Mol Champion ginn fir d‘éischt am Joer 1955 a fir d’lescht 1999.
Di Déifferdenger waren och de Veräin vun de Nonzescher Joeren. Vun 1997-1999 hunn si 3 Mol noeneen den Titel gewonnen.
An der Coupe goufen et 2 Victoire; di lescht 1989.
Scho 3 Joerzéngt ass den Gast Seil Presdident vun den Déifferdenger.
Wat sinn fir hien di Saachen déi erausstiechen.
CUT SEIL 1
Dës Saison leeft och am Senirsberäich ganz gutt fir di Déifferdenger. Si sinn ongeschloen un der Tabellespëtz.
CUT SEIL 2
Am Abrëll ginn et 30 Joer wou de Gast Seil President ass bei de Red Boys an den Titel decidéiert sech meeschtens Ufank Mee.
Dat kinnt e schéine Jubiläum sinn.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - FLH 7 MeterBy RTL Radio Lëtzebuerg