flux

flux

Download on the App Store

flux episodes

  • S02E06 - Crash

    Et ass de 26. September 2008, an deenen, déi op de Banken schaffen, geet et net méi gutt. D'BGL krut matgedeelt, si wier net méi liquid. Dat heescht, si hat kee Cash méi fir rauszeginn.

    Eis Spueresich fänkt bei der deemoleger Cheffin vun der Kommunikatioun vun der BIL un, dem Christiane Schmit. Si war fir déi éischte Kéier no Jore vu Wuesstem net dorobber virbereet, och déi desagreabel Facette vun der Kommunikatioun kennenzeléieren - well wéi genau vermëttelt een de Leit, dass d'Bank keng Sue méi rausgi kann?

    Dës Liquiditéits- a Vertrauenskris, déi d'Mammegruppen vun der BGL (Fortis) an der BIL (Dexia) erlieft hunn koum net aus dem Näischt. De Kik Schneider, deemools Direkter vum Retail a Corporate Banking op der BGL, erzielt, wéi hien d'Banke-Rettungsaktioun, déi dee Weekend lancéiert gouf, erlieft huet.

    An där Rettungsaktioun huet de Luc Frieden als deemolege Budgetsminister eng onëmgänglech Roll gespillt. Hien war ee vun deenen, déi an de Verhandlunge séier hu missen decidéieren, wéi vill Suen een als Staat op den Dësch leeë kann a muss, fir dat Schlëmmst ze verhënneren.

    A wéi ass dat gelaf, wann een eng privat Bank war, déi net op dee staatleche Support ziele konnt? Dovunner schwätzt de Luc Paindavoine, deemools de Chef vun der Salle de Marché op der Degroof.

    Maach däi Journal-Abo: https://journal.lu/products

    10% Rabatt um Joresabo mam Code #flux10

    D'Chambre de Commerce: https://cc.lu/

    1 hr 20 min
  • S02E05 - Den Eurominister

    De Moie vum 1. Januar 2002 ass op de Banken a bei de Bankomater zu Lëtzebuerg gutt eng lass. Den Euro ass endlech um Marché.

    Eis Spueresich fänkt an enger Keess am Auchan un, an zwar beim Hélène Meurisse. D'Caissière ass am Kontakt mat enger Clientèle, déi lo net méi mat belschen, franséischen a lëtzebuergesche Frangen – oder souguer mat der Deutsche Mark – probéiert ze bezuelen, mee mat enger ganz neier Wärung.

    Wéi de Commerce sech op de Wiessel op den Euro virbereet huet, dat zielt d'Sabrina Sagramalo, deemools Coordinatrice vum Reseau vun den Euro-Infozenteren.

    De Luc Frieden, dee vun de Medien zu dem Zäitpunkt dacks als den "Eurominister" betitelt gouf, zielt wéi hien d'Preparatiounen als Minister fir Justiz, Budget a Bezéiunge mam Parlament an der Regierung Juncker-Poos erlieft huet.

    A wat fir Suergen d'Informatiker op de Banken an der Nuecht op den 1. Januar geplot hunn, dat verréit de Kik Schneider (deemols op der BGL).

    Mee wéi koum et iwwerhaapt zum Euro? Op d'Ursprongsiddi, déi vum Pierre Werner als ee vun de Pappe vum Euro ausgaangen ass, geet d'Dr. Elena Danescu an, Fuerscherin um Luxembourg Center for Contemporary and Digital History.

    Maach däi Journal-Abo: https://journal.lu/products

    10% Rabatt um Joresabo mam Code #flux10

    D'Chambre de Commerce: https://cc.lu/

    57 min
  • S02E04 - Géi dohinner, wou de Kabes wiisst

    Et ass 1962. Um Kierchbierg ginn e puer Bauere mat hiren Trakteren op d'Barrikaden. De Staat huet decidéiert, de Fonds Kierchbierg kéint Terrainen opkafen, fir dass do de neien Centre Européen gebaut ka ginn.

    An dat op de Felder, déi iwwer Generatiounen d'Existenz vun hire Famillje geséchert hunn.

    Eis Spueresich fänkt beim Fays Djoher, Associé gérant vum Shamrock Luxembourg, un. Wa Feierowend ass, kommen d'Employé*eë vun de Banken an EU-Institutiounen ëmmer gäre bis laanscht.

    D'Bevëlkerung vu Lëtzebuerg huet an de 60er mat méi Skepsis wéi Enthusiasmus op d'Urbaniséierung vum Kierchbierg gekuckt. Et war riets vu "Baurenausrottung", enger sozialer "Enklave" déi näischt mat der Stater Kultur ze dinn hätt, an "Eurokraten".

    De Kierchbierg gouf net an engem Dag gebaut, an et war net d'Zil, een integréierte Quartier aus deem Plateau ze maachen. D'Felder hu missen expropriéiert ginn, fir Spekulatioun op den Terrainen ze verhënneren, sou de Marc Widong (Fonds Kirchberg).

    Net nëmmen EU-Institutiounen, mee och Banken hunn sech um Kierchbierg néiergelooss. De Boulevard Royal war drop an drun, aus de Néiten ze platzen - dat wëssen de Kik Schneider deemols (BGL BNP Paribas) an de Fernand Grulms (deemols ABBL).

    D'Chambre de Commerce: https://cc.lu/

    57 min
  • S02E03 - Hin-an-Hier-Gependels

    Et ass de 15. Juni 1985, an et ass fir déi éischte Kéier méiglech, iwwer déi lëtzebuergesch Grenz ze fueren, ouni dem Douanier e Pass ze weisen.

    Dat war méiglech dank dem Schengener Ofkommes, dat pünktlech fir d'Summervakanz ënnerschriwwe ginn ass. D'Opmaache vun de Grenzen huet d'Liewe vun der éischter Well u Grenzgänger*innen vereinfacht, déi bis op Lëtzebuerg schaffe komm sinn.

    Eis Spueresich fänkt bei der Soziologin Jessica Lopes a beim Illustrateur Charl Vinz un. Si hunn 2025 hiert Buch Temps de Trajet publizéiert, dat 13 ënnerschiddlech Persounen, déi haut hei zu Lëtzebuerg schaffen, op d'Aarbecht a rëm zréck heem begleet.

    Wärend d'Marlene Schmidt, Directrice vum Centre Européen Schengen, iwwert d'Geschicht hannert dem Ofkommes an der Wichtegkeet vun den oppene Grenze fir de soziale Kontakt, de Shopping-, den Tanktourismus an nu mol d'Schaff schwätzt, kann de Franz Clément, Fuerscher beim Liser a fréiere Buergermeeschter vu Marteléng-Rombach, op déi zwou Säite vun der belsch-lëtzebuergescher Grenz agoen.

    Dat waren nämlech deemools schonns zwou ganz verschidde Welten, a vun der belscher Säit sinn ëmmer Leit op Lëtzebuerg schaffe komm.

    Vill vun deenen, déi fir ze schaffen all Dag eriwwergependelt sinn, hunn Aarbecht am Finanzsecteur fonnt. Egal op a Banken oder bei den Assurancen, an der Fongenindustrie oder bei engem vun den deemolege Big 8 – Kompetenze goufen ëmmer gebraucht.

    Ma wéi vill vun deenen neien Aarbechtskräfte konnten dann iwwerhaapt an deem Land, an deem se geschafft hunn, un der Demokratie deelhuelen?

    D'Chambre de Commerce: https://cc.lu/

    57 min
  • S02E02 - Dieu n'est-il pas luxembourgeois ?

    Et ass Mëtt der 80er, an an engem Sëtzungssall strecken sech d'Käpp iwwer engem Gesetzestext zesummen. Am Raum: Bankepatronat, Notairen, Affekoten. Vill Erfarung a vill Krawatten.

    Eng Persoun passt net an d'Bild: D'Marie-Jeanne Chèvremont (deemols Coopers & Lybrand). Dëst Gesetz, un deem si grad matschafft – d'UCITS-Directive – wäert Lëtzebuerg zum Gateway vun Europa fir Investmentfonge maachen.

    Eis Spueresich fänkt awer beim Berthe Lutgen un, Kënschtlerin a Grënnerin vum Mouvement de Libération des Femmes. 2015 moolt si The Deciders – e Bild, op dem e Grupp Hären am Kostüm ënnert dem Arc de Triomphe trëppelt. Ganz kleng am Hannergrond sinn zwou Fraen.

    Wärend d'UCITS-Gesetz Lëtzebuerg zum Fonge-Standuert Nummer eent an Europa mécht, an de Secret bancaire dem Land international Opmierksamkeet bréngt, bleift d'Fro, wien iwwerhaapt am Raum ass, wann sou eppes decidéiert gëtt.

    Wat de Secret bancaire ass, wéi d'Banken domat ëmgaange sinn, a wéi vill Jalousie hannert der internationaler Kritik stoung, dat zielen de Kik Schneider (deemols BGL), de Luc Frieden (Finanzminister vun 1998 – 2013), an de Jean-Claude Juncker, deen dee Modell als Kommissiounspresident huet misse verteidegen.

    Zesumme mam Fongegesetz huet de Secret bancaire dem Land esou vill Wuelstand bruecht, dass een sech am Ausland gefrot huet: "Dieu n'est-il pas luxembourgeois?"– dorunner erënnert sech d' Wirtschafts- a Finanzjournalistin Véronique Poujol.

    D'Chambre de Commerce: https://cc.lu/

    58 min
  • S02E01 - D'Wëllef vum Boulevard Royal

    Et ass d'Joer 1987 – a bei der KBL rabbelt den Telefon.

    Ee jonken, nervösen Trader hieft op a lauschtert no, wärend um aneren Enn eng däitsch Bank hie fälschlecherweis accuséiert, falsch Präisser genannt ze hunn. Eng typesch Zeen fir déi jonk Wëllef vum Boulevard Royal.

    No der Stolkris war et Usus fir déi nei Generatioun, am Finanzsecteur séier Aarbecht ze fannen.

    Eis Spueresich fänkt dowéinst beim Ralph Pletsch un, deen an de spéiden 80er bei der haiteger Quintet Private Bank an enger komplett zougedämptener Salle de Marché Dag fir Dag Milliounenzommen an alle méigleche Wärungen – vun US-Dollar iwwer Krounen a Yen – per Telefon ausgehandelt huet.

    Mee wéi ass hien iwwerhaapt do gelant, a wéi kënnt et, dass eng am Fong belsch Bank iwwerhaapt zu Lëtzebuerg sou present war?

    Wärend de Staat an den 80er nach d'Arbed an hier Employéeën huet missen iwwer Waasser halen, huet de Finanzsecteur lues a lues bewisen, wéi vill Potenzial an der Konscht vum Näischtmaache leie kann – op mannst, wann et drëms geet, fir net ze vill ze reguléieren. Dofir si vill Banken op Lëtzebuerg komm. Sou vill erkläert de Fernand Grulms, fréiere Chefekonomist bei der ABBL, der Association des Banques et Banquiers Luxembourg.

    Dat war virun allem doduerch méiglech, dass d'Lëtzebuerger Bourse eng gutt Rëtsch Atouten hat, déi soss keen hat. Dat zielt de Michel Maquil, fréiere Präsident vun der Luxembourg Stock Exchange. Ee vun deenen: Dat Ganzt huet an enger Wirtschafts- a Wärungsunioun mat der Belsch stattfonnt, der UEBL.

    Den Yves Mersch, fréiere Präsident vun der Banque Centrale du Luxembourg, beliicht, wéi déi wirtschaftlech Bezéiung tëscht Lëtzebuerg an der Belsch funktionéiert huet – a seng Grenzen erreecht huet, wéi de belsche Frang 1982 devaluéiert gouf.

    En historesche Moment, deen déi deemoleg Wirtschaftsministesch Colette Flesch ganz no materlieft huet.

    D'Chambre de Commerce: https://cc.lu/

    57 min
  • S01E06 - Ménage à trois

    Et ass d'Joer 1975. Vun elo un a fir op mannst déi nächst 10 Joren heescht de Probleem Nummer 1 zu Lëtzebuerg Stolkris.

    De Lëtzebuerger Tripartite-Modell faasst ënnert der DP-LSAP-Koalitioun Fouss. Regierung, Gewerkschaften, a Patronat mussen zesummen no Léisunge sichen – a léieren, sech géigesäiteg ze verstoen a Kompromisser anzegoen.

    Am Spill steet nämlech d'Existenz vun der Stolindustrie, déi Dausende vu Mënsche beschäftegt.

    D'Colette Flesch war déi Zäit Vize-, Aussen-, Wirtschafts- a Justizministesch. Si an de Kik Schneider, fréiere Member vum Staatsrot a Conséilspresident vum Lëtzebuerger Journal, ziele vum Gaston Thorn, deemolege Premier, a schwätzen doriwwer, wéi d'Colette Flesch d'Tripartitten an d'staatlecht Agräifen an den Arbed-Betrib erlieft huet – a firwat si an den 80er d'Stolindustrie als "industrie crépusculaire" bezeechent huet.

    Eng Ausso, un déi de Michel Wurth, haut Conséilspresident vun ArcelorMittal Lëtzebuerg an deemools Finanzanalyst vun der Ekipp vum Emmanuel Tesch, déi Zäit Präsident vun der Arbed, sech gutt erënnere kann.

    De Jean-Claude Juncker, fréiere Premier, war President vun der Chrëschtlech-sozialer Jugend a spéider Staatssekretär fir Aarbecht a Sécurité sociale. Hien zielt vun de Follgen, déi d'Division Anti-Crise fir Aarbechter*innen hat.

    De wichtegste Gewerkschaftler deemools, dat war den John Castegnaro.

    Säi Bouf, de Guy Castegnaro, an de Robert Schneider, fréiere Journalist, hunn zesummen d'Buch "De Casteg" iwwert hie geschriwwen. Si ginn op d'Grënnung vum OGBL an.

    Merkur vun der Chambre de Commerce: https://merkur.lu/

    A Gedenken un d'Colette Flesch (1937-2026).

    57 min
  • S01E05 - Oppen Dieren

    Et ass de 24. Abrëll 1951. Zu Colmar-Bierg versammele sech e gudde Koup dichteg a wichteg Leit aus Lëtzebuerg, den USA, England an Holland.

    Hei gëtt nämlech d'Produktioun vun der éischter US-amerikanescher Firma lancéiert, déi hire Wee op Lëtzebuerg fonnt huet: d'Goodyear. Dowéinst fänkt eis Spueresich des Kéier beim Miguel Simon un, deen haut Manager bei Goodyear Mounting Solutions ass.

    D'Industriesitten hunn den zweete Weltkrich zwar méi oder manner gutt iwwerstanen, mee et war alles anescht wéi einfach, d'Schwéierindustrie mat Koks ze versuergen.

    D'Lëtzebuerger Regierung war sech bewosst: D'Wiertschaft muss diversifizéiert ginn.

    Ma fir d'éischt misst Europa sech nei opstellen – an nei Kooperatioune fannen, fir Buttek sou gutt wéi méiglech ze vermeiden. D'Colette Flesch, déi vun 1964 bis 1969 am Verwaltungsrot vun den Europäesche Gemeinschaften (EG) war, weess, wat sech fir Lëtzebuerg um institutionellen Niveau mat der Benelux an den EG verännert huet.

    De Robert Schneider, fréiere Journalist, erzielt, wéi d'Land sech nom Krich politesch positionéiert huet, wärend de Carlo Thelen de Lien zum Plan Marshall an der Moderniséierung vun der Industrie mécht.

    D'Diversifizéierung, déi huet net nëmmen Industriekonzerner ugelackelt, ma och US-amerikanescht Kapital. De Kik Schneider, fréiere Member vum Staatsrot a Conseilspräsident vum Lëtzebuerger Journal, an de Prof. Benoît Majerus, Fuerscher beim Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, erklären, wéi d'Finanzplaz gewuess ass.

    A wann sech um Pabeier villes gebessert huet, konnt d'Aarbecht an der Stolindustrie nach ëmmer liewensgeféierlech ginn, esou de Léon Leszczynski, dee mat 17 Joer ugefaang huet, an de Minnen ze schaffen.

    Merkur vun der Chambre de Commerce: https://merkur.lu/

    48 min
  • S01E04 - Vun de Bouwen, déi gefeelt hunn

    Et ass den 31. August 1942. Bei der Post trëppelen se vun engem Fouss op den aneren. D'Aarbecht schleeft. Et gëtt gepëspert: Stëmmt et, dass se zu Wooltz grad um Streike sinn? An zu Schëffleng? Souguer zu Ettelbréck?

    Den Dag virdrunner gouf ugekënnegt, dass och d'Lëtzebuerger Bouwen elo virun der Wehrpflicht stinn. Uechter d'Ländchen ass iwwer zwee Deeg e Generalstreik ausgebrach. E Moment vun der Resistenz, deen Affer mat sech bruecht huet, mee net verhënnere konnt, dass d'Lëtzebuerger Jongen an d’Wehrmacht agezu goufen.

    Eis Spueresich fänkt dowéinst beim Mike Orazi un, Präsident vun der Amicale de la Poste. D’Grënnung vun dëser hänkt nämlech domadder zesummen, dass zwee Postbeamte mam Liewen dofir bezuelt hunn, um Streik deelgeholl ze hunn.

    D’Colette Flesch, eemoleg Vize-Premierministesch a fréier Aussen-, Justiz- a Wirtschaftsministesch, deelt Erënnerunge vun der Evakuatioun vum Minett.

    De Carlo Thelen vun der Chambre de Commerce an de Michel Wurth vun ArcelorMittal ginn en Iwwerbléck doriwwer, wéi d'Stolindustrie sech huet missen un déi däitsch Wirtschaftsplanung upassen, wärend de Jos Thull vum Musée Patton zu Ettelbréck doriwwer schwätzt, wat d'Besatzung an d'Anzéie vun de Bouwe fir Baueren an Handwierksbetriber bedeit huet.

    An och gouf probéiert, d'Bouwen, déi gefeelt hunn, mat sougenannten Ostarbeiter*innen an der Landwirtschaft an an der Stolindustrie ze kompenséieren. Zu dësem däischtere Kapitel vun eiser Geschicht huet d'Prof. Inna Ganschow, Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg, vill recherchéiert.

    Merkur vun der Chambre de Commerce: https://merkur.lu/

    51 min

About flux

From the publisher's feed

Vun der Stolindustrie als wirtschaftlecht Fundament, iwwer d'Entstoe vun der Finanzplaz, bis hin zu engem ëmmer méi diversifizéierte Wirtschaftsmodell, an deem Tech, Weltraum oder Logistik eng wuessend Roll spillen: D'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal sinn der Wirtschaftsgeschicht vu Lëtzebuerg op d’Spuer gaang.