Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir nach eng Kéier iwwert Cloud. Ech hat iech déi aktuell Campagne vu BEE SECURE, den Clever Cloud User, jo schonns virgestallt. Mä haut wëll ech da méi genee op een vun deene wichtegsten Themen an der Cloud agoen. Nämlech dem Deelen oder op englesch: Sharing.
Ee Cloud-Service erméiglecht eis, eis Dateien op engem Server ze späicheren an se esou zum Beispill op verschiddene Geräter ze synchroniséieren oder einfach Zougrëff drop ze hunn. Sou kann een zum Beispill vun der Schoul oder der Uni aus op een Dokument zougräifen, dat een am Fong just doheem gespäichert hat. Mä et ass och méiglech, déi Dateien dann och mat anere Leit ze deelen.
Héi ginn et verschidde Modeller: Entweder kann een een Dossier fräiginn, dat heescht déi aner Persoun kann d'Dateie just ukucken oder roflueden. Anerersäits gëtt et och d'Méiglechkeet, déi aner Persoun an een Dossier anzelueden. Déi kann da selwer Dateien an den Dossier eroplueden, se veränneren oder esouguer läschen. Déi Optioun ass praktesch, wann een zesummen un engem Projet schafft oder Fotoen aus enger gemeinsamer Vakanz austausche wëll. Et muss een awer oppassen, datt een bei wichtegen Dokumenter ëmmer eng lokal Kopie huet, déi net an der Cloud ass.
Dateie kënnen aus gedeelten Dossieren nämlech séier verschwannen, well eng Persoun se läscht. Dat muss net aus Muttwëll passéieren, mä de Schued ass dacks grouss. Verschidde Cloud-Systemer hunn zwar d'Méiglechkeet, eng geläschten Datei erëm zeréck ze kréien, mä dat geet och net ëmmer an dacks fehlt grad déi Datei, déi een gebraucht hätt. Dofir gëllt et nëmmen, lokal Backups ze maachen, mä och opzepassen, wat een läscht. Wann een een gedeelten Dossier net méi a senger Cloud brauch, gëtt et eng Optioun, fir en net méi ze abonnéieren. Sou ginn Donnée bei engem selwer geläscht, déi aner Leit kënnen awer weiderhin domadder schaffen.
Et ass insgesamt enorm wichteg, sech ze iwwerleeën, wat fir Donnéeën an d'Cloud sollen. Kee Cloud-Dengschtleeschter kann eng 100%eg Sécherheet garantéieren. Je no Ubidder kënnen är Donnéeën och manipuléiert, geläscht oder fir Reklammszwecker benotzt ginn. Et ass also wichteg, sech iwwert Notzungsbedengungen ze informéieren an Precautiounen fir de Schutz vun der Privatsphär ze huelen. Dozou gehéiert zum Beispill, datt een sougenannt EXIF-Metadonnée vu Fotoe läscht, iert een déi an d'Cloud gëtt.
Ee wichtegen Tipp da nach: All Dropbox huet een Dossier, deen „public“ heescht. Alles wat do dranner ass, ka vu jidderengem am Internet gekuckt ginn. Dat ka praktesch sinn, wann een séier e Bild mat der ganzer Welt deele wëll. Mä eben och enorm geféierlech, wann do privat Dateien dran sinn.
Wéider Informatiounen zu dem Thema fannt dir wéi gewinnt op bee-secure.lu