Aktuelles

Gewalt a Kriminalitéit bei Jonken


Listen Later

Et géif kee generaliséiert Phenomeen vu Jugendbanden zu Lëtzebuerg ginn. Dat soen d'Memberen aus den zoustännege Chamberkommissiounen no enger Entrevue mam Parquet a mat Vertrieder vun der Police, an där et ëm Gewalt a Kriminalitéit bei Jonke gaangen ass. D'Unzuel u Gewaltdoten géif zwar eropgoen, souwuel bei Jonke wéi och bei Erwuessenen - d'Gewaltbereetschaft géif an der Gesellschaft eropgoen, awer och d'Affer géife sech éischter bei der Police mellen. Ausserdeem géif an den aktuellen Zuelen keen Ënnerscheed gemaach ginn tëschent Jugendstrofdoten a Jugendschutzmesüren - an d'Hausse wier awer op d'Schutzmesüren zeréckzeféieren, huet et gëschter no der Entrevue geheescht. Detailer Ana Angel
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AktuellesBy radio 100,7