Green Deal Lëtzebuerg

Green Deal Lëtzebuerg

By Euranet Plus | radio 100,7ScienceEducation
Download on the App Store

Green Deal Lëtzebuerg episodes

  • Kënnen nei Technologien d’Welt retten?

    Techno-Solutionismus: Ass dat déi Technologie, déi richteg Äntwerte bei Klimachangement bréngt? KI, Satellitten, Wiedermanipulatiounen, wat kann dat bréngen?

    Wéi genee a wéi wäit kënnen nei Technologien de Klimachangement an de Grëff kréien? Kënne mer eis dorobber verloossen amplaz eis schlecht Gewunnechten, déi der Welt schueden, ze änneren?

    Et muss een iwwert Zukunft diskutéiere, fir eraus ze fanne wéi eng Erwaardunge mer an Innovatioun an Technologie kënnen hunn.

    Op der COP 28 goufen techno-solutionistesch Léisunge vun e puer Säite propagéiert an d’Virdeeler vun Geo-Engineering-Techniken goufen an d’Fënster gestallt, datt awer als Nodeel vun anere konkrete Mesurë fir den Energiebesoin ze reduzéieren.

    Wéi eng Roll sollen elo dës technologesch Léisungen an der internationaler Klimapolitik spillen, doriwwer geet et dës Kéier beim Jean Claude Majerus am EU Green Deal Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.

    14 min
  • Wéi kënne mir mat der Laascht vun der Klimaekonomie eens ginn?

    Sinn d’Mënschen iwwerhaapt prett fir de Green Deal? Wat erwaarden d’Leit sech vun der europäescher Unioun an den europäeschen Institutiounen, datt de Green Deal um Enn och e Succès gëtt? An engem Sondage hunn 88 Prozent vun de EU-Bierger déi gefrot goufe fir de Green Deal gestëmmt, datt déi gréng Transitioun muss kommen. Mä grad emol 50 Prozent vun de Bierger fannen datt d’europäesch Unioun adäquat am Kontext fir d’Ëmsetze vum Green Deal schafft. An dësem EU Green Deal Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus beschäftegt sech de Jean Claude Majerus mat der grénger Transitioun.

    14 min
  • Demografie a Klimachangement, en Däiwelskrees

    D'Weltpopulatioun huet de Seuil vun 8 Milliarde Mënschen erreecht a se wäert an de nächste 40 Joer weider wuessen.  Domadder ass et och kloer datt dëst och en Afloss op déi global Emissiounen huet. Méi Mënsche verbrauche méi Ressourcen, produzéiere méi Zäregaser an de Besoin un Iessen a Waasser geet an d’Luucht, wat dann nees Konsequenze fir d’Emissiounen an d’Temperaturerhéijung huet.

    Demografesch Verännerungen si laangfristeg Entwécklungen, déi net nëmme wichteg fir eis Demarchen a punkto Reduktioun vun den Zäregasemissioune sinn. Si si vläicht nach méi relevant am Kontext vun der Gesellschaft sech un de Klimachangement mat deem mer ewell scho konfrontéiert sinn unzepassen.  Dat ass de Sujet déi Kéier beim Jean Claude Majerus am EU Green Deal Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.

    12 min
  • Extremwieder

    Op elo un der Côte, bei Bëscher oder bei Flëss, et gi Regiounen, déi besonnesch vulnerabel fir extreem Kilmaphenomeener sinn. Wéi kann ee sech upasse bei esou Wiederphenomeener, a si mir alleguer a Gefor?

    An der Europäescher Unioun gi Strategien entwéckelt, déi sech mat der Preventioun an och der Reduktioun vun de Klimarisike beschäftegen. Et gëllt d’Resistenz  vun der Infrastruktur, den Ekosystemer, der Gesellschaft an der Ekonomie an der EU ze stäerken. Dat ass eng wichteg Missioun am europäesche Katastrophe-Risikomanagement. Dorëms geet et beim Jean Claude Majerus am EWU Green-Deal-Podcast vum Europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.

    16 min
  • Skills

    Wéi eng nei Capacitéite muss eng Entreprise hautdesdaags hunn, fir déi gréng Transitioun ouni Problemer ze maachen a fir datt se hir Aktivitéiten un d’Erausfuerderungen, déi de Klimachangement mat sech bréngt, kann adaptéieren? Den Iwwergang bei eng ressourceneffizient a kuelestoffaarm Ekonomie brauch eng systeemesch Approche, grad wéi verännert Produktiounsprozesser a Geschäftsmodeller. Dat ass de Sujet beim Jean Claude Majerus am EU Green-Deal-Podcast vum Europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.

    12 min
  • Aktivismus

    Monumenter bemolen, Konschtwierker mat Faarf verschmieren, alles Aktiounen, déi Bierger:innen net ëmmer gutt fannen. Ass dat eng effikass a justifiéiert Manéier fir géint de Klimachangement ze demonstréieren? Huet dës Zort Protester eng Legitimitéit? A wat seet d’Ëffentlechkeet dozou?

    De Jean Claude Majerus beliicht mat sengem EU Green-Deal-Podcast vum Europäesche Radionetzwierk Euranet Plus d’Situatioun an der EU.

    14 min
  • Pollutioun

    Eng ganz Partie Politiker plädéieren dofir, datt déi Responsabel fir Ëmweltschied oder Ëmweltverschmotzung och fir d’Käschten, déi ufalen, musse riicht stoen. Wéi eng Méiglechkeeten an awer och Grenzen existéiere bei dëser Iddi? A wou sinn d’Hoke bei der Saach? Wéi soll een dat an der Landwirtschaft ugoen, wou och Aarbechtsplazen um Spill stinn?

    Dat alles si Froen, op déi de Jean Claude Majerus an dësem EU Green-Deal-Podcast vum Europäesche Radionetzwierk Euranet Plus eng Äntwert versicht ze fannen.

     

     

    10 min
  • Energie

    D’Europäesch Unioun schafft ganz aktiv um Diversifizéiere vun de Stroumproduktiounsméiglechkeeten. Dat heescht nei Energiequellen ze fannen an ze promovéieren. Et geet dorëm propper an autark Energiequellen, déi och finanziell am Kader bleiwen, an d’Fënster ze stellen. Den Asaz vun erneierbaren Energië steet och am Mëttelpunkt vum Re-Power-EU-Plang.

    Mee wéi fonctionéiert dat an der Praxis? Doriwwer geet et am Jean Claude Majerus sengem EU Green-Deal-Podcast vum Europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.

    13 min
  • Natur

    D’Zukunft vun Europa hänkt ganz sécher vun engem gesonde Planéit of. D’EU-Memberstaaten hu sech dofir Zil gesat bis 2050 klimaneutral ze ginn. Jiddweree muss seng Responsabilitéit huelen, d’Politik, d’Ekonomie, mee awer och all eenzelen EU-Bierger an eenzel EU-Biergerin.

    Mee wat kann een dann als Bierger:in a sengem Ëmfeld maachen, fir ze hëllefen de Klimachangement an der Gitt ze halen? De Sujet vum Jean Claude Majerus sengem EU Green-Deal-Podcast vum Europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.

    15 min
  • Entreprisen

    Entreprisen aus alle Secteuren hunn erkannt, datt et wichteg ass Risiken déi duerch de Klimachangement kommen, besser ze verstoen. Mä wat maachen déi Entreprisen da fir sech op de Klimachangement an ze stellen? Wéi eng Mesuren huelen se fir ëmweltfrëndlech an emissiounsfräi Ziler ze erreechen, besonnesch Entreprisen a Secteuren déi net grad de Label als ëmweltfrëndlech hunn?

    An der Editioun 2022 vum Flash-Eurobarometer iwwert kleng a mëttel Betriber, Ressourceneffizienz a gréng Mäert gëtt confirméiert datt kleng a mëttel Betriber an der EU scho vill maache fir hir Betriber op ekologesch Nohaltegkeet ëm ze stellen. 
    Méi Detailer doriwwer ginn et vum Jean Claude Majerus am EU Green Deal Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.

    13 min

About Green Deal Lëtzebuerg

From the publisher's feed

Et ass nach ee wäite Wee. Mam ”Green Deal” wëllt d’Europäesch Unioun bis 2050 méi nohalteg, méi klima- an ëmweltfrëndlech ginn: Manner Emissiounen op de Stroossen, an der Industrie an an der Landwirtschaft, méi e spuersamen Ëmgank mat Ressourcen, d’Biodiversitéit besser protegéieren - dat alles verbonne mat Innovatioun.