RTL - FLH 7 Meter

Handball -Mag 7 Meter, 22/09/2015


Listen Later

Serge dann ass d’Saison elo endlech lancéiert.
Jo a mir si gespaant wien sech des Saison an de Palmarès kann androen.
Um éischte Spilldag sinn d’Iwweraschungen ausbliwwen. Käerjeng hat awer géint Schëffleng mam Feier gespillt. Um Enn gouf et eng Victoire mat just 2 Goaler Ecart
Kloere Succès goufen et fir den HBD géint Strossen an och vum Handball Esch zu Péiteng.
D’Partie Red-Boys géint Bierchem war um Pabeier déi brisanzt. D’Equipe aus dem Réiserbann huet laang gudd matgehaalen . Fir e positift Resultat sollt et awer net duer goen. De Cedric Stein
CUT
Bei de Red-Boys sinn se natierlech frou iwwert de gelongen Optakt an awer war den neien Trainer Goran Vucevic net ganz zefridden
CUT
VIRGULE DAMMENHANDBALL
Am Dammechampionnat  ass dëst Joer jo e neien Spillmodus
Qualifikatiounsronn gëtt an zwou Poulen mat 7 Equipen gespillt. Den HBD an de Chev Dikrech hunn zuguer 2 Equipen ugemeld.
Op dat awer den Dammenhandball méi attraktiv mecht wohen ech ze bezweifelen.
Virwat mengs du dat dann
Kuck zum Beispill d’Partie Käerjeng géint de Chev 2. Do gouf et eng
54-8 Victoire fir Käerjenger. Wat kann een do op béiden Säiten dovun hunn
Komm mir froen dat d’Mandy Meis vu Käerjeng
CUT
Wann et fir déi eng Käerjenger Dammenequip en einfach Optakt gouf esou hat de Roude Léiw awer méi Problemer a senger éischter Partie vun der Saison
An der 3ter däitscher Bundesliga hunn d’Roud Léiwinnen  sech zu Kriftel duerchgesat.  Mat 33-31 gewannen d’Anne Steuer a Co. ..Demno mission accomplie
CUT
An der 3ter däitscher Bundesliga ass och en Här am Asaz an zwar de Jimmi Hoffmann
Déi  Ex-Red-Boy spillt elo beim Longericher SC. Am Moment steet dem Hoffmann seng Formatioun no 4 Spilldeeg op der 4ter Tabelleplatz mat 3 Victoire an just eng Défaite
An der 2ter franséicher Liga leeft weider zimlech schlecht  fir de Martin Muller seng Nanzer Formatioun. Zu Saran gouf et déi 3t Défaite noeneen

 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - FLH 7 MeterBy RTL Radio Lëtzebuerg