Bei den Hären gouf et um 2. leschte Spilldag virum Play-Off schonn e Virgeschmaach op de Final Four vun der Coupe de Luxembourg. Esch a Käerjeng hunn wichteg Punkten géint Diddeleng an Déifferdeng gesammelt. Bei den Dammen leeft et zu Schëffleng net méi ronn an de Roude Léiw Bascharage bleift an der RPS Oberliga nach ëmmer ongeschloen. Um Internationale Plang gouf Frankräich fir 5te Kéier Weltmeeschter. Dëst sinn d'Theme vum Handball Magazin mat Serge Olmo a Gilles Tricca...