Dëse Weekend war de leschte Spilldag vum Joer. Bei de Hären waren 3 Partien programméiert a bei enger ass zuguer eng Decisioun gefall Serge
Péiteng huet sech nämlech duerch e klore Succès géint den direkte Konkurrent Schëffleng seng Platz an dem Titel-Playoff gesechert.
3 Spilldeeg viru Schluss huet nämlech d’Equipe vum aktuelle beschte Buteur David Gyafras 7 Punkten Avance op Schëffleng. Fir dëst Klassement z’errechen waren déi 102 um David Gyafras eng grouss Hëllef
Zu Diddeleng war eng weider brisant Partie annoncéiert. Do konnten déi Bierchemer awer net un hir gutt Leeschtungen vun de leschten Wochen uknäppen.
D’Partie war just 20 Minutten interessant an dono ass bei de Bierchemer net vill zesumme gelaaf virun allem am Goal an och an der Défense. De Keeper Steve Moreira
CUT MOREIRA
Déi Diddelenger huet dogéint Confiance getankt fir de wichtege Rendezvous an der Coupe nächste Weekend géint d’Redboys, de Martin Hummel
CUT HUMMEL
Serge du waars zu Käerjeng e Samsdeg an déi Partie hat et och an sech
Di éischt Halschent war ganz equilibréiert. Am Ufank vun der 2ter Halschent war Käerjeng awer ganz starkt
A virun allem war de Keeper Chris Auger net nëmme mat senge Paraden decisif mee hien huet och nach an der hektescher Schlussphase e Goal markéiert
CUT Auger
Fir di Escher gouf et elo 2 Défaiten hannereen. Dat ass natirlech batter. De Sacha Marzadori
CUT Marza
Den Ex-Escher Martin Muller war och um Dribbel op der Tribün . Seng Goaler hätten déi Escher bestemmt gebraucht. No engem schlechten Optakt left elo richteg gutt fir Nanzeg Wéi ass dann eigentlech d’Hironn zu Nanzeg verlaf
CUT MULLER 1
E Samsdeg waart op den Nationalspiller a seng Nanzeger Formatioun en High-light , de PSG ass nämlech an der Coupe zu Nanzeg op Besuch
CUT MULLER 2
VIRGULE ONS DAMMEN
Bei den Dammen bleift den HBD ongeschloen un der Tabellespetzt viru Käereng . An der Poule B ass de Chev Dikrech Leader virum Museldall
Bleift nach de Roude Léiw Bascharage an deen huet d’Joer an der 3ter däitscher Liga mat enger Défaite opgehall no 5 Victoiren a grad esouvill Défaiten stinn d’Roud Léiwinnen op der … tabelleplatz
VIRGULE AKTUELL
Den Owend um hallwer 9 ass nach d’Partie Redboys géint Strossen.