De Weekend waren d’Véierelsfinalle vun der Coupe am Handball esouwuel bei den Dammen wéi bei den Hären. Et gouf keng grouss Iwwerraschung notéiert. Beim Spëtzematch Red Boys Déifferdeng géint Bierchem huet e Nationalspiller sengem Veräin provisoresch äddi gesot. Mir kucken och am 7 Meter, haut mam Nadine Braconnier a Serge Olmo, no vir op d’Handball WM déi en Donneschdeg ufänkt.