De Week-end geet et also lass mat der neier Saison.
Bei den Dammen gëtt eng Neierung. Do gëtt jo mol an enger éischter Phas a Poulen gespillt.
Bei den Häeren bleiwt de Spillmodus de selwechten Strossen hëllt just d‘Plaz vu Miersch bei der Elite mum 1. Spilldag e Samsdeg ass am Prinzip 1 ganz intressante Match an zwar emfänken di Déifferdenger Red Boys den HC Bierchem.
Fir vill Leit sinn di Déifferdenger ganz ganz héich anzeschätzen à voir...
An de Titelverdeedeger Gilles…
Beim HB Diddelng goufen et nawell e puer Ännerungen. Et konnte en et awer just aus der Distanz suivéieren well di Diddelenger de Week-end 2 Mol a Norwege gespillt hunn an dat géint Haslum.
Dat war am Kader vum 1. Tour vum EHF Cup. E Freideg an e Samschdeg goufen et 2 Defaiten mat 7 respektiv 11 Goaler.
Wier vläicht eng Victoire realistesch gewiescht wann hei gespillt gi wier. De Michel Gulbicki vum HBD
CUT
Käerjeng hat de leschte Week-end mat 13 Goaler a Schwede verluer.
Um Käerjenger Dribbel wollt de Lëtzbuerger Coupegewënner et besser maachen an et war och gutt ugaangen well no 12 Minutten stoung et 6-6 gläich.
D’Schweden hunn awer ganz seriö weider gespillt.
Ass d’Resultat fir d Käerjenger Trainer Riccardo Trillini enttäuschend
CUT
Kloer ass et datt den Ënnerscheet tëscht de Spiller vun Ystad an eisen Spiller ze verstoppen war. Haaptsächlech op physeschem Plang war den Ënnerscheed ganz grouss; den Tom Meis
CUT
De Star vun de Schweden ass de Kim Andersson deen scho joerelaang zu de weltbeschten Lénkshänner gehéiert. Dat Wuert Star passt am Fong net esou cool an einfach war hien nom Match mat der Press an de Supporter.
Hien huet ënner anerem 3 Mol d’Championsleague gewonnen. No 7 Joer bei Kiel an zwou Saisonen zu Kolding an Dänemark ass hien zréck bei säin Heemveräin.
Wat kann ee sech dës Saison vun Ystad doheem an op europäeschem Plang erwaarden?
CUT
Zwou Equipen sinn also aus der Coupe d’Europe eliminéiert. Et bleiwen awer nach e puer Eisen am Feier. Elo gëllt et emol sech op de Start an di nei Saison ze konzentréieren.