D’Championnat huet ëm Allerhellgen eng Mini-Paus ageluecht. D’Nationalequipe spillt jo vun haut un e Preparatiouns-Tournoi a Polen. Et gouf awer e bëssen Handball déi lescht Deeg gespillt. D'Diddelenger Dammen waren am EHF-Cup am Asatz an de Roude Leiw Bascharage an der RPS Oberliga. A fir béid Equipen war et en erfollegräiche Weekend. De Franki Hippert an de Gilles Tricca hunn d’Handballaktualitéit fir eis am A.