Medieméisseg war et intressant a nei datt et am Dezember en Handstar Day gouf wou d’Spiller an d’Spillerinnen déi di meescht Vote kruten zu Käerjeng e flotte Match gesptllt hunn Gilles
Et waren och vill Leit an der Hal an den Handstar Day war eng Reussite; den Dan Epps President vun der Federatioun fënnt och dat et di richteg Decisioun war zu Käerjeng ze spillen
CUT
Och nei war datt elo am Juni di bescht Spiller a Spillerinnen vun der Saison geéiert goufen. Bei den Hären waren et den Vladi Temelkov am Spill an den Chris Auger am Goal.
Beschten Trainer ass den André Gulbicki ginn vum HB Diddeleng ginn.
Käerjeng huet d’Coupe gewonnen an den HB Diddeleng ass Champion ginn.
Komme mer dann elo zu den Titel Gewënn.
D’Coupefinal war Ufank Mäerz. De HB Käerjeng hat vedéngt am volle Gymnase vun der Coque mat 34-28 gewonnen.
Di lescht zwou Finalen waren den Brauerstietter ganz kanpp entgaangen deemno war d’Freet beim Tom Meis bestëmmt nach méi grouss
CUT
Di Diddelenger hunn sech am Championnat zeréckkaf a wéi
Den 23. Mee ass den HB Diddeleng Champion ginn no enger ganz knapper 33-32 Victoire géint den Handball Esch.
Den decisiven Goal ass Sekonne virun Enn vum Malvin Patzak marquéiert ginn. Wier et gläich ginn dann hätt den HB Käerjeng den Doublé realiséiert.
Trotz den villen Verletzungen huet den HBD den 23. Titel an der Veräinsgeschicht gewonnen. Den Tommy Wirtz huet et natierlech genoss.
CUT
VIRGULE Flashback
Am Schluss vum Joer 2014 goufen d’Coupe d’Europen gespillt an do hunn di Lëtzbuerger Veräiner et nees färdesch bruecht sech op europäeschem niveau z’etabléieren.
D’Red Boys an Diddeleng si bis an d‘8s Final vum Challenge Cup komm. Do war allerdéngs schluss.
Di Déifferdenger goufen vun Odorhei aus Rumänien eliminéiert an Diddeleng vu Lissabon.
Am EHF Cup haaten di Escher den éischten Tuur gepackt géint Käerjeng. An der 2. Ronn war Tatabanya aus Ungarn de grousse Favorit géint Esch.
Di Escher hunn doheem alles ginn an hunn d’Qualifikatioun mam kléngsméiglechen ecart net gepackt.
D’Enttäuschung war trotz starker Leeschtung net ze verstoppen; de Sacha Pulli
CUT
Virgule Top
D’Nationalequipe war dës Saison net dacks am Asaz huet awer mat engem gellechen Exploit d’Saison ofgeschloss.
An enger Grupp mat Georgien an Estland war gewosst datt just den éischten et géif packen fir sech fir d’Barragematcher ze qualifizéieren am Kontext EM 2018.
No enger méi wéi starker 29-26 Victoire an Estland war den Exploit perfekt.
De Yannik Bardina war de beschte Marqueur an hat d’Entscheedung färdesch bruecht
CUT
Am Abrëll d’nächst Joer ass de Barrage géint Finnland an do ass och eppes drann.
Dat weist d’Progrèsen vun der Nationalequipe. Mat esou engem Resultat konnten di Aktiv am Handball gemitterlech an d’Summerpaus goen.