Eng weider Episod, déi e bëssen anescht ass wéi dat wat dir gewinnt sidd. Dës Kéier hu mir eise Podcaststudio an de Park Gerlache zu Déifferdeng verluecht, wou de 6. Juni 2026 de Live am Park stattfonnt huet. Bei dësem gratis Event hu sechs Museksveräiner aus dem Land fir eng flott Ambiance gesuergt, wärend och zwee Filmer ënner fräiem Himmel gewise goufen.
Mir hunn d’Geleeënheet genotzt, fir mat Vertrieder vun de verschiddene Veräiner iwwert de Live am Park ze schwätzen, mee och iwwert hiren Enn vun der Saison, hir Projeten an dat, wat an der nächster Saison alles geplangt ass.
Interviewt goufen: Ralph Massard vun der Harmonie Uewerkäerjeng, Stéphanie Perna vun der Fanfare Nidderkuer, Georges Engel vun der Harmonie Zolwer, Mike Schneider vun der Nojemer Musek, Glenn Hopfeld a Gilles Simon vu "La Lyre" Helleng, souwéi de Jeff Kaufmann vun der Klengbettener Musek.
Produktioun: Harmonie Municipale Differdange
Animatioun: Gilles Krein
Opgeholl de 6. Juni 2026 beim Live am Park am Park Gerlache zu Déifferdeng.