Al Schanken

Ian Hunter and Calvin Russell live


Listen Later

Mott The Hoople war ufanks de 70er Joren d’Formatioun vum Ian Hunter (Joergang 1939). Support koum deemols vum David Bowie, dee fir si produzéiert a geschriwwen huet. 1974 huet dem Englänner seng Solokarriär ugefaangen, an déi dauert bis haut: am héijen Alter huet den Hunter nach rezent zwee Wierker erausbruecht, “Defiance Part 1“ a “Part 2“, erauskomm 2023/2024.
Den Texaner Calvin Russell (1948-2011) steet fir e Mix aus Rock, Folk a Blues, 10 Studio- a 5 Livealbumme stinn a senger Discographie. Besonnesch bei eisem franséischen Noper war hie ganz populär an dacks op Tournée, hei ass och 1993 “Le Voyageur“ entstanen, eng Zort Best of viru Publikum.
Den T. Rex-Song “Get It On“ hat eng duebel Karriär: no senger Sortie an Europa (um Album “Electric Warrior“, 1971) koum hien dat Joer drop ënner dem neien Titel “Bang A Gong (Get It On) “ och an déi amerikanesch Charts.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Al SchankenBy radio 100,7