Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut kucke mir zesummen op 2015. Wéi all Joers huet een d'Gefill, d'Zäit wier séier vergaangen, dofir ass et sécher eng gutt Iddi, d' BEE SECURE-Joer nach eng Kéier Revue passéieren ze loossen. Am éischte BEE SECURE vun 2015 huet d'Anne eis iwwert seng gutt Virsätz fir dat néit Joer erzielt an eis Apps gewisen, déi engem dobäi hëllefe kënnen, sou gutt Virsätz och anzehalen an den „inneren Schweinehund“ an de Grëff ze kréien. Och iwwert de Phänomen vum „Phubbing“, also op den Handy amplaz de Frënn a Frëndinnen an d'Gesicht ze kucken hunn mir am Januar 2015 geschwat. Am Ufank vum Joer ass och ëmmer den wichtegsten Dag vum Joer fir BEE SECURE, den Safer Internet Day. Dee wäert 2016 den 9. Februar sinn. Dat kennt dir iech also schonns an den néie Kalenner fir d'nächst Joer notéieren.
Am Februar ass awer och Vältesdag, an dozou passend huet eis d'Anne iwwert d'Do's and Dont's beim Online-Dating opgekläert. Sou si mir gewuer ginn, wéi een sech viru Fake-Profiler schütze kann. Wenn dat noliese wëll, fënnt den E-Dating-Dossier um Site vu BEE SECURE.
Een aneren Dossier, dee vläit lo och fir vill vun iech wichteg gëtt, déi um Enn vum Joer nach een néie Smartphone kréien, ass den Smartphone-Dossier. Et ass nämlech relativ einfach, vu vermeintlecht gratis Apps oder SMS-Servicer ofgezockt ze ginn. Do kann een leider zimlech séier vill Sue verléieren.
Am Abrëll huet d'Anne eis vu Banking-Trojaner gewarnt, déi nach ëmmer hiert Onwiesen dreiwen an eis awer och vu sengen Abenteuer op der Online-Konferenz re:publica erzielt. Och iwwert den Ënnerscheed zwësche legalen oder illegale Streaming-Déngschter huet hat eis opgekläert. Dunn, am Summer, huet d'Anne BEE SECURE verlooss an ech hunn seng Aufgab iwwerholl. Ech konnt iech direkt mat enger gudder Noriicht beglécken: dem Enn vum Roaming an Europa. Zur Erënnerung: den 15. Juni 2017 wäert et esouwäit sinn, bis dohinner musst dir am europäeschen Ausland ëmmer extra bezuelen, wann dir urufft, SMSen verschéckt oder Datendéngschter benotzt.
No der Vakanz hu mir een Backup gemaach, geléiert wéi een zesummen schaffe kann, wéi een sech a seng Kollege viru Fakes schütze kann an am Kader vun der Clever Cloud User-Kampagne hu mir geléiert, wat d'Cloud ass a wéi se funktionéiert.
Natierlech gouf et och nach vill aner Episode vum BEE SECURE Podcast, déi dir all op podcast.bee-secure.lu nolauschteren an noliesen kënnt. Dir fannt do och dacks interessant Links zu den Themen, iwwert déi ech hei schwätzen. All d'Dossiere vu BEE SECURE fannt dir op bee-secure.lu