Kaarten op den Dësch

Kaarten op den Dësch

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kaarten op den Dësch episodes

  • Debat am Virfeld vun den Europawalen
    Déi europäesch Wirtschaft leit ënner héijen Zënsen, deierer Energie an der Konkurrenz aus China an den USA. Wéi soll d’EU domat ëmgoen? Dat ass d’Theema vun eiser offizieller Table ronde virun den Europawalen mat Vertrieder:inne vun alle Parteien.
    1 hr 56 min
  • Table Ronde virun de Chamberwalen: Klima a Logement
    Haut an dräi Woche gëtt eng nei Chamber gewielt. Op der grousser Table ronde schwätze mir mat Vertrieder vun zéng Parteien, déi den 8. Oktober untrieden, an déi d’Krittäre vun der ALIA (Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel) erfëlle fir bei dësem Ronndëschgespréich dobäi ze sinn.
    D'Theeme sinn de Wunnengsbau an de Klimaschutz.
    Am Studio sinn dës zéng Kandidaten:
    fir d’Lëscht 1 - LSAP: Yves Cruchten
    fir d’Lëscht 2 - DP: Max Hahn
    fir d’Lëscht 3 - déi gréng: Henri Kox
    fir d’Lëscht 4 - CSV: Stéphanie Weydert
    fir d’Lëscht 5 - déi Lénk: Gary Diderich
    fir d’Lëscht 6 - ADR: Tom Weidig
    fir d’Lëscht 7 - Piratepartei: Yann Retter
    fir d’Lëscht 9 - Fokus: Frank Engel
    fir d’Lëscht 11 – KPL: Alain Herman
    fir d’Lëscht 12 - Liberté-Fräiheet: Perrine Felix
    1 hr 30 min
  • Gemengewalen an der Stad
    Table ronde mat Vertrieder vun den aacht Parteien, déi den 11. Juni mat komplette Lëschten an der Stad Lëtzebuerg untrieden. Et diskutéieren:
    Patrick Goldschmidt (DP)
    Elisabeth Margue (CSV)
    Claudie Reyland (déi gréng)
    Maxime Miltgen (LSAP)
    Ana Correia da Veiga (déi Lénk)
    Alex Penning (ADR)
    Jean Heuschling (Piraten)
    Marc Ruppert (Fokus)
    Moderatioun: Maurice Molitor
    1 hr 29 min
  • Energietransitioun - ass Lëtzebuerg um gudde Wee?
    Ëmmer méi Leit kafe sech en Elektroauto oder denken doriwwer no eng Solaranlag op hiren Daach ze leeën. Mee heescht dat och, datt Lëtzebuerg amgaang ass e Musterschüler a Saache Klimaschutz an Energieeffizienz ze ginn? A wat kann ee sech vum neie Klima- an Energieplang vun der Regierung erwaarden?
    Iwwer d'Energietransitioun schwätzt d'Christiane Kleer mam Unisprofesser Stefan Maas, mam Direkter vu Greepeace Lëtzebuerg Raymond Aendekerk a mam President vun Eurosolar Lëtzebuerg Paul Zens.
    56 min

  • Wat ass nach vu blo-rout-gréng ze erwaarden?
    A 36 Woche gi mir wielen. Gëtt nach konstruktiv zesummegeschafft oder gëtt sech profiléiert? Kënnt nach eppes oder gëtt virun allem gekaazt? Et diskutéieren d'Fraktiounscheffe vun den dräi Majoritéitsparteien Gilles Baum (DP), Yves Cruchten (LSAP) a Josée Lorsché (déi gréng). Moderatioun: Maurice Molitor
    57 min

  • Wat muss an der Schoul änneren?
    De Lëtzebuerger Schoulsystem schneit an internationale Vergläicher net gutt of, well e manner performant a méi ongerecht ass. Dorëms geet et an eiser sechsdeeleger Podcast-Serie "Schlechte Schüler".
    Mee wat muss änneren? Doriwwer diskutéiert d'Pia Oppel mam DP-Educatiounsminister Claude Meisch a mat zwou Léierinnen a Gewerkschaftsvertriederinnen, der Vanessa Schetgen vum SNE an der Joëlle Damé vum SEW.
    1 hr 14 min
  • Schlechte Schüler: Episod 6
    Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Ëm déi Fro geet et an eiser sechsdeeleger Reportage-Serie "Schlechte Schüler", déi Dir hei integral fannt.
    Déi sechst a lescht Episod vun dëser Serie diffuséiere mir hei am Virfeld vun engem Ronndëschgespréich.
    Am zweeten Deel vu Kaarten op den Dësch sinn dräi Gäscht live am Studio fir doriwwer ze diskutéieren, wat an der Schoul muss änneren. Dat sinn nieft dem DP-Educatiounsminister Claude Meisch zwou Léierinnen a Gewerkschaftsvertriederinnen, d'Vanessa Schetgen vum SNE an d'Joëlle Damé vum SEW.
    1 hr 57 min
  • Wat muss an der Schoul änneren?
    De Lëtzebuerger Schoulsystem schneit an internationale Vergläicher net gutt of, well e manner performant a méi ongerecht ass. Dorëms geet et an eiser sechsdeeleger Podcast-Serie "Schlechte Schüler".
    Mee wat muss änneren? Doriwwer diskutéiert d'Pia Oppel mam DP-Educatiounsminister Claude Meisch a mat zwou Léierinnen a Gewerkschaftsvertriederinnen, der Vanessa Schetgen vum SNE an der Joëlle Damé vum SEW.
    1 hr 14 min

About Kaarten op den Dësch

From the publisher's feed

Ronndëschgespréich vun der Redaktioun