Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir, passend zum Vältesdag, iwwert Léift. Déi spillt sech hautdesdaags dacks am Internet of. Dat ass am Prinzip näischt schlechtes – eis Elteren hätte sécher och léiwer per Messenger matenee geschriwwe wéi all puer Minutte Mënzen an eng Telefonskabinn ze geheien, mä deemools war dat eben nach net méiglech. Sou hunn mir haut e puer Optioune méi, fir mat eise Léifsten ze kommunizéieren.
Ee Phänomen ass den sougenannte Sexting. De Begrëff setzt sech aus texting an Sex zesummen, an et geet ëm den Austausch vun intime Messagen oder Fotoen. Dat ass un sech kee Problem, mä et kann awer zu engem ginn. Grad Fotoen oder Videoe verbreeden sech enorm séier am Internet, wann se bis mol doranner sinn.
Déi wichtegst Reegel ass: Däin Kierper gehéiert dir an keen huet d'Recht, dech dozou ze zwéngen oder ze drängen, méi dovunner ze weise wéi s du wëlls. Du bass – egal op verléift, verlobt, bestuet oder just befrënnt – zu näischt verflicht. Ëmgedréint gelt natierlech dat selwecht: Du hues net d'Recht, op Biller vun enger aner Persoun ze verlaangen. An scho guer net, déi online weider ze verbreeden. Wann een dech dozou drängt, dech plakeg ze weisen, kanns du eng Plainte bei der Police maachen, fir dech an potentiell anerer ze schützen.
Wann et trotzdem sollt passéieren, datt plakeg Fotoe vun dir am Internet opgetaucht sinn, ass dat nach kee Weltënnergang. Als éischt solls du déi Persoun kontaktéieren an hir soen, datt se déi Fotoe läsche soll. Wann se dat net mécht, mécht se sech strofbar. Dann ass et wichteg, datt s du dir eng Vertrauenspersoun sichs, mat där s du iwwert dat Thema schwätze kanns. Du kanns dech och un d'BEE SECURE Helpline oder un de KannerJugendTelefon wennen.
Wichteg ass dann, datt s du erausfënns, wou däi Bild iwwerall opdaucht. Da kanns du de Bedreiwer vun deene Site mellen, datt si däi Bild sollen erofhuelen. Si mussen dem nokommen, soss kanns du d'Police aschalten. Du kanns dech och un d' BEE SECURE Stopline wennen, wann s du manner wéi 18 Joer hues. Och wann s du d'Bild fräiwëlleg gemaach hues, ass dat an dem Fall virum Gesetz Kannerpornografie.
Ween ganz sécher well goen, datt ni intim Fotoe vun him am Internet landen, dee sollt am beschte guer keng maachen an och keng op sengem Handy gespäichert loossen, déi zum Beispill alkoholiséiert gepost kéinte ginn.
An deene meeschte Fäll sinn d'Affer vun „geleakten“ Fotoe jonk Meedercher. Dofir nach emol een Appell un d'Jongen a Männer: Stellt keng Fotoe vun äre Frëndinnen oder Ex-Frëndinnen an den Internet. Et ass engersäits illegal an et wéist anersäits, datt dir een enorm schlechte Charakter hutt.
Weider Informatiounen zu dem Thema fannt dir am Sexting-Dossier op bee-secure.lu