Mir kucken zeréck op ee Joer Covid-19 Kris. Niewt den CSV Deputéierten Martine Hansen a Claude Wiseler, ass de Virolog, de Prof. Dr. Claude Müller Invité. Mam Expert kucke mer wéi d'Kris vun der Politik geréiert gouf, wéi eng Feeler datt eventuell gemeet goufen a wéi mer am beschten aus der Kris eraus kommen. An dësem éischten Deel geet et virun allem ëm den éischte Lockdown, d'Problemer vun de Betriber an de Schoulen.