Als Bouf wollt hien Bäcker ginn, elo baakt den Emile Eicher seng Bréidercher an der Politik. De "Mulles" huet seng Fra beim Schifueren kënne geléiert, huet do Austria mat Australia verwiesselt an ass als Konsequenz dovunner op enger australescher Schofsfarm gelant.Hien huet 1 Joer an enger australescher Wäikellerei geschafft, huet awer am léifsten eng Lëtzebuerger Dräiwchen a sengem Glas. Souwuel als Deputéierten grad wéi och als Buergermeeschter vu Kliäref, respektiv als President vum Syvicol ass den Emile Eicher virop en Teamplayer.