BEE SECURE.lu op Radio ARA

Linking Luxembourg


Listen Later

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut wëll ech mat iech iwwert Flüchtlinge schwätzen. Oder éischter doriwwer, wat iwwert Flüchtlinge geschwat gëtt.
Dir wësst sécherlech alleguerten, datt zanter dem Summer vill Leit, virun allem aus Syrien an Afghanistan ënnerwee sinn, fir Asyl an Schutz an Europa unzefroen. An wann dir op de sozialen Netzwierker ënnerwee sidd, dann hutt dir sécher gesinn, datt vill Leit een Problem domadder hunn an Gerüchter verbreeden. Ech hat iech an enger viereschter Episod schonns gezielt, wéi een sou Gerüchter entarne kann. Allerdéngs ass dat net ëmmer einfach an et brauch virun allem vill Zäit.
Dofir gëtt et elo eng Initativ, déi Gerüchter, Virurdeeler an Hate-Speech, also Haasbotschaften, mat Fakten entarnen wëll. Linking Luxembourg heescht des Initativ, déi och vun BEE SECURE an dem Service National de la Jeunesse ënnersetzt gëtt. Linking Lëtzebuerg wëll Ängscht an Virurdeeler ofbauen, mä awer och engagéierte Leit eng Méiglechkeet ginn, fir op Haaskommentaren ze äntwerten.

Dofir gëtt et en groussen Dossier mat Froen an Äntwerten zu Flüchtlingen an kuerz Info-Videoen, wou déi wichtegst Fakten erklärt ginn. Och d'Méiglechkeet, fir selwer Froen eranzeschécken, besteet. Mä et ginn awer och Memes mam „Ren Renert“, engem Comic-Fuuss, déi een an Diskussiounen asetze kann, fir gewieft op Hasskommentaren oder Gerüchter ze äntwerten.
Dir fannt d'Initative linking luxembourg um Internet op linkinluxembourg.lu oder op facebook, wou d'Initative och einfach ënnert „Linking Luxembourg“ ze fannen ass. An de kommenden Woche wäert dann och nach Contenu zu den Themen „Frontalieren“ an „Sproochen“ op de Site kommen. Et lount sech also, ëfters do laanscht ze luussen.
Zum Schluss wëll ech iech awer och nach op den Safer Internet Day opmierksam maachen. Deen ass dëst Joer den 9. Februar an steet ënner dem Motto „Play your part for a better Internet“. Op der ganzer Welt wäerte vill verschidden Aktiounen an Evenementer stattfannen. BEE SECURE koordinéiert déi Evenementer fir Lëtzebuerg. Wann dir also selwer eng Aktioun zum sécheren Internet plangt, an ärer Schoul, ärem Veräin, Jugendhaus oder Firma, da melt iech op bee-secure.lu De Recht vun iech notéiert sech einfach den 9. Februar 2016 als Safer Internet Day an de Kalenner!
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

BEE SECURE.lu op Radio ARABy BEE SECURE.lu op Radio ARA