Dem Lou Reed seng Karriär huet a senger Heemechtstad New York ugefaang. Mëtt de sechzeger Joren war hie Matgrënner vun der Band ‚Velver Underground‘, déi vum Pop Art-Kënschtler Andy Warhol ënnerstëtzt gouf. De Songwriter, Gittarist a Sänger huet 2011 säi läschten Album opgeholl: ‚Lulu‘ ass eng Zesummenaarbecht mat der Band ‚Metallica‘.
An dëser Stonn lafen e puer Live Opnamen vun him, dorënner zwou méi apart Versiounen vu senge Kompositiounen ‚Kicks‘ a ‚Vicious‘. Béid Tracken waren Deel vum Reed sengem Optrëtt 1997 zu London um ‚Meltdown Festival‘ a reduzéieren d’Lidder op dat Essentielt, agespillt am Quartett.
Playlist:
1. Keith Richards – I’m Waiting For The Man (The Power Of The Heart: A Tribute To Lou Reed, 2024)
2. Lou Reed – Sweet Jane (live) (Between Thought And Expression, The Lou Reed Anthology, 1992)
3. Lou Reed - Vicious (live) (Lou Reed Live, 1975)
4. Felt – Destination (Felt, 1971)
5. Pretty Things – Grass (Parachute, 1970)
6. Manassas – The Treasure (Manassas, 1972)
7. Lou Reed – Kicks (live) (Perfect Night: Live In London, 1998)
8. Lou Reed – Vicious (live) (Perfect Night: Live In London, 1998)
9. Ten Years After – Hear me Calling (Stonedhenge, 1969)
10. Ten Years After – I’d Love To Change The World (A Space In Time, 1971)
11. J.J. Cale – Roll On Mama (Number 10, 1992)