Voix d'auteurs

Max de Paz - La manche


Listen Later

E ganz jonke Schrëftsteller ass dës Kéier de Gaascht vum Jean Portante, Max de Paz ass säin Numm. Hien huet viru kuerzem säin éischte Roman bei Gallimard erausginn. "La manche" ass den Titel. E Buch also iwwert d'Heeschen, wat jo, och hei zu Lëtzebuerg en aktuellt Thema ass.
An "La Manche" klëmmt de Max de Paz an de Kapp vun engem jonke Clochard an erzielt an der éischter Persoun d'Liewenskonditioune vun den "Sans abri" an de Paräisser Stroossen. Zu gläicher Zäit jäizt hien seng Revolt géint déi grouss sozial Ongerechtegkeet, déi, vun haut op muer, d'Leit op d'Strooss gehäit.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Voix d'auteursBy radio 100,7