Viru genee 80 Joer, am Februar 1941, hunn d'Nazien aus Lëtzebuerg en Deel vum Gau Moselland gemaach. D'NSDAP huet zu Lëtzebuerg hir Muecht opgebaut an ausgedeent. Zu deem Zäitpunkt ass awer och fir d'éischte Kéier zanter Laangem e Schimmer Hoffnung opgetaucht. Déi Däitsch an d'Italieener hunn hir éischt Nidderlage kannt an déi éischt Resistenz-Organisatiounen hunn ugefaange visibel ze ginn.