„Wanns du dëse Mesage net wéiderleeds, gëss de vun engem Geescht besicht!“, „100 € Akaafsbon geschenkt!“ „Wéi vill vun dengen Frënn hunn dech wierklech gären?“ - dat sinn just e puer Ausschnëtter aus Kettebréiwer. Déi ginn et nämlech nach ëmmer, och wann se haut net méi per Bréif oder Email, mä per WhatsApp oder soss engem Messenger verschéckt ginn. Duerch d‘Digitaliséierung sinn d‘Kettebréiwer ominpräsent. Mä och wann se harmlos wierken, kënnen se geféierlech ginn. Grondsätzlech bauen déi meescht Kettebréiwer eng Form vun Hoax oder Ligen op. Dacks tauchen se a Wellen op. No engem kuerzem Hype kënnt dann schonn erëm dat nächst Thema, dat vun Handy zu Handy geschéckt gëtt.
Besonnesch beléift sinn Kettebréiwer bei Kanner a jonken Jugendlechen. Mä grad déi hunn awer dacks Problemer, den Eescht vun den Messagen anzeschätzen. Vill Kettebréiwer warnen virun vermeintlechen Geforen wéi Geeschter, Viren oder do virdrun, datt een geschwënn fir den Déngscht bezuele misst. Anerer verbreeden Gerüchter oder esouguer Hate-Speech. Heiansdo gëtt och probéiert, een Flashmob ze organiséieren oder déi eegenen Beléiftheet ze moossen. Eng reell Gefor sinn déi Kettebréiwer, déi mat angeblechen Akaafsbongen dozou verféieren, op Links mat Malware ze klicken. Oder awer Horror-Geschichten, déi besonnesch op Kanner bedreelech wierke kënnen.
Déi méi al vun eis hunn dofir eng besonnesch Responsabilitéit: Mir sollten mam gudde Beispill vir goen a keng Kettebréiwer weiderleeden, besonnesch net un Kanner a jonk Jugendlecher, zum Beispill déi kleng Geschwëster. Et gëllt awer och, d‘Suerge vun de Kanner eescht ze huelen an se net ze banaliséieren. Och wann d‘Ängschten, wéi déi virun engem Geescht, liewenslaangem Pech oder dem Doud vun engem noen Mënsch irrational sinn, sinn se fir d‘Kanner reell. Et bitt sech och un, als Eltren, Léierpersonal oder grouss Geschwëster mat Kanner iwwert Thema Kettebréiwer ze schwätzen an ze diskutéieren, wat weidergeleet gi kann a wat net. Den Ëmgang mat Kettebréiwer ass een Deel vun der Medienkompetenz, déi mir alleguerten léieren muss. Ze fréi kann een domadder ni ufänken. Dofir leed dësen Podcast un 10 Leit weider!
Weider Informatiounen zum Thema Internetsécherheet fannt dir op bee-secure.lu
Quellen:
Verschiedene Sorten vun Kettebréiwer erklärt: https://www.saferinternet.at/news/news-detail/article/kettenbriefe-in-whatsapp-lieb-betruegerisch-oder-doch-bedrohlich-619/
Tipps fir Eltren an Léierpersonal fir den Ëmgang mia Kettenbréiwer: https://www.saferinternet.at/news/news-detail/article/mein-kind-erhaelt-kettenbriefe-in-whatsapp-wie-soll-ich-reagieren-620/