BEE SECURE.lu op Radio ARA

Ondicht Wolleken


Listen Later

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir doriwwer, wat geschitt, wa Wolleken ondicht sinn. Dir wäert lo soen: Da reent et! Dat stemmt zwar, mä haut geet ëm d‘Fro, wat geschitt, wann d‘Cloud ondicht ass. An da reent et net Waasser, mä Donnéeën. A wa mir Pech hunn, sinn eis Donnéeën drënner.
Et gi verschidde Méiglechkeete fir een Datenleck an der Cloud: engersäits kënnen eis Geräter geklaut ginn, eist Ëmfeld kann Aktioune setzen, déi engem Leak gläich kommen an et kann een Datenleck bei enger Firma ginn.
Wann een Gerät geklaut gëtt, sollt dir et per Internet spärren, wann dir déi Optioun hutt. Dann ass et wichteg, iech op dem Gerät auszeloggen. Déi meescht Internetservicer wéi Facebook bidden d‘Méiglechkeet, datt dir dat vum Computer aus maache kënnt. Et ausserdeem enorm wichteg, datt dir bei all de Servicer äert Passwuert ännert, sou dat kee vum geklauten Handy op är Donnéeën zougräife kann.



Wa Leit aus ärem Ëmfeld Donnéeë vun iech online stellen, da kann dat – obwuel meeschtens wuel keng béis Absicht dohannert war – onangenehm ginn. Zum Beispill, well net jiddereen, datt Partyfotoen vun him online ze fanne sinn – am beschte frot dir déi betreffend Leit, d‘Fotoen erëm offline ze huelen. Ëmgedréint ass wichteg, datt dir iwwerleet, wat dir am Internet vun iech – mä eben och vun anere präis gëtt. All Mënsch huet d‘Recht, selwer iwwert seng Donnéeën ze bestëmmen, an just well déi eng fräizügeg sinn, heescht dat net, datt all aneren dat och well sinn. Denkt dovunner, iert dir Saachen online stellt, déi och aner Mënsche betreffen.
De schlëmmste Fall vun engem Datenleck ass wahrscheinlech, wann eng Firma, bei där een Client ass, gehackt gëtt an d‘Donnéeë geleakt ginn. Deelweis gi bei sou Ugrëffer Adressen, Matriculen an souguer de Kontostand oder d‘Héicht vun der Paye an den Internet gestallt. Firmen, deenen een Data-Leak passéiert, sinn ausser a Spezialfäll NET verflicht, iech dat matzedeelen. Dir musst dofir also informéiert bleiwen an am Eeschtfall nofroen, op är Donnéeë geleakt gi sinn an wa jo, wat genee geleakt ginn ass.
Wéi kann een sech schützen? Grad wann dir Donnéeë bei engem Dengscht wéi Dropbox an der Cloud hutt, ass et onméiglech, sech ganz virun engem Leak ze schützen. Als éischt mussen mir eis dowéinst iwwerleeën, wat fir sensibel Donnéeë vläit guer net an d‘Cloud komme sollen. Ee séchert an eenzegaartegt Passwuert an d‘Doubel Authentifizéierung ass trotzdem en Muss. Och iwwert Méiglechkeet, är Donnéen ze verschlësselen, sollt dir nodenken. Grad bei engem Handy hëlleft dat, är Donnéeën ze schützen, wann een se klaut.
Méi Informatiounen zum Thema Datenleck an der Cloud fannt dir op bee-secure.lu!
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

BEE SECURE.lu op Radio ARABy BEE SECURE.lu op Radio ARA