De Mister Science gëtt duerchliicht!
Röntgen si schonn eng fein Saach. An dat net just fir erauszefannen firwat d’Kaz esou gutt lande kann. Virun allem sinn d‘Röntgen wichteg an der Medezin! Wann den Dokter wësse wëll wéi komplizéiert e Broch ass oder fir eng Tumeur fréizäiteg ze erkennen. De Mister Science erkläert eis elo wéi sou e Röntgen-Apparat iwwerhaapt funktionéiert.