Wéi Doft eis beréiert, verféiert a manipuléiert!
Et ass Fréijoer an d’Natur bléit op! Verschidde Blummen kommen awer net an d’Vase. Aus hinne gëtt Parfum gemaach. Am Pisa weise mir wéi dat geet a wéi een en neien Doft kreéiert. Mir gesinn firwat ëmmer méi Butteker hir Clienten mat engem gudde Geroch zum Kafe verféieren, testen op ee säi Partner just um Geroch erkenne kann an de Mister Science wëll erausfannen wat am beschten hëlleft, wann et op der Toilette mol eng Kéier net sou gutt richt.