Am Summer 1978 war Argentinien ee Mount laang am Zentrum vun der Weltopmierksamkeet. Eng Milliard Zuschauer hunn d'WM suivéiert, déi vun der bluddeger Militärdiktatur organiséiert gouf. Iwwerdeems d'Supporteren am River-Plate-Stadion jubiléiert hunn, si knapp ee Kilometer méi wäit politesch Opponente systematesch gefoltert an ermort ginn.
De Vincent Artuso mat Iwwerleeungen iwwer ee vun den polemeschsten Evenementer an der Fussballgeschicht, de Mundial 1978.