BEE SECURE.lu op Radio ARA

Opgepasst beim Spillen: Malware am Steam-Chat


Listen Later

Ween gären um Computer Spiller spillt, kënnt bal net laanscht Steam. D‘Plattform vun der Firma Valve ass net nëmmen een risegen Online-Shop, an deem een Spiller vun groussen Firmen ze kafen kritt an wou och kleng Studioen d‘Chance hunn, hir Iddien dem Public ze präsentéieren. Nee, Steam bitt och eng ganz Community. Hei kann een mat aneren Gamer diskutéieren, mat Frënn gemeinsam spillen, Bewäertungen liesen an ofginn an deelweis esouguer mat virtuellen Objeten aus Spiller handelen.
Eng wichteg Funktioun vun Steam ass deemno den Chat, iwwert deen een mat aneren Spiller kommunizéieren kann. Sou ass et méiglech ze gesinn, datt een Kolleg grad dat selwecht Spill spillt wéi een selwer. Duerch e puer Messagen am Chat kann een dann zum Beispill séier eng Multiplayer-Partie ufänken. Mä den Steam-Chat huet och Risiken.

Wéi bekannt ginn ass, versichen Krimineller zanter kuerzem, Leit iwwert den Steam-Chat op Siten mat Malware ze lackelen. D‘Gamer ginn zoufälleg ausgewielt a kréien vun engem gehackten Account aus een Message mat engem Link per Chat geschéckt. Déi friem Persoun suggéiert, et géif sech ëm een Video handelen, wou een selwer drop ze gesinn wier. „Ech hunn däi Video fonnt, du bass elo berühmt, haha!“. Dat lackelt natierlech, de Link unzeklicken. Hannert dem Link verbiergt sech dann eng Säit, déi angeblech Videoen soll ofspillen. Dofir misst een awer den Flash-Player installéieren. Déi Datei, déi een fir d‘Installatioun ugebuede kritt, ass a Wierklechkeet awer een Trojaner. Deen géif et den Kriminellen erlaben, den eegenen Computer fernzesteieren.
Et sollt een also op keen Fall op Links klicken, déi een vun Onbekannten per Steam-Chat geschéckt kritt. Fir den eegenen Account ze schützen, sollt een bei Steam d‘Zwee-Faktor-Authentifizéierung aktivéieren. Dofir muss een um Handy eng App installéieren. Wann een sech elo bei Steam well aloggen, muss een nieft sengem Usernumm a Passwuert och een Code aginn, deen d‘App um Handy generéiert. Ouni de Code ass keen Login méiglech. Wann also ären Usernumm a Passwuert geklaut géife ginn, kéint een Ugrëffer trotzdem net ären Account hacken. Him géif einfach deen zweeten Faktor, eben de Code um Handy, fehlen.
Weider Informatiounen zum Thema Internetsécherheet fannt dir op bee-secure.lu

Quellen:
https://www.heise.de/security/meldung/Vorsicht-vor-Verteilung-von-Malware-via-Steam-Chat-3342136.html
http://www.bleepingcomputer.com/news/security/hacked-steam-accounts-spreading-remote-access-trojan/
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

BEE SECURE.lu op Radio ARABy BEE SECURE.lu op Radio ARA