Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätzen ech iwwert een Thema, dat zimlech brisant an gläichzäiteg enorm wichteg ass. Et geet ëm den Phänome vun den sougenannte Fake-Meldungen op sozialen Netzwierker.
Den éischte Fake, un deen ech mech erënnere kann, war een Site, dee behaapt huet, an China géife Leit Katzen an klenge Glieser halen, fir datt se Bonsai-Katzen géife ginn. Déi grujeleg Meldung war zum Gléck just en makabere Witz. Leider ass net all Falschmeldung oder Fake just als Witz geduecht. Dacks geet et dorëms, Leit ze manipuléieren an se zum Haass opzestëppelen. Grad an der rietsextremer Szen sinn sou Fakes beléift, fir nei Ënnerstëtzer oder Memberen ze gewannen.
Aktuell ginn et sou och vill Falschmeldungen zu der Refugies-Thematik. Sou gëtt zum Beispill behaapt, Refugien géife vill Dreck maachen, kriten gratis Smartphones geschenkt oder kéinten ouni Konsequenzen an Supermarchéë klauen. Dat déi Behaaptungen – op gutt lëtzebuergesch – Kabes sinn, mierkt een dorunner, datt se ëmmer erëm mat deene selwechte Wierder mä mat ënnerschiddleche Platze verbreed ginn. Et ginn an sou Meldungen och ni konkret Quelle genannt, mä dacks just Formuléierunge wéi „Dat lei ass mir zougeschéckt ginn“ oder „Ee gudde Bekannte vu mir huet mir gezielt“.
Wat kann een maachen, fir Fakes ze erkennen? Grondsätzlech ass et ëmmer eng gutt Idee, fir mësstrauesch ze sinn an Informatiounen ze hannerfroen. Eng einfach Method, fir Fakes ze iwwerpréiwen, ass no Deeler vum Text ze googlen. Wann een den Text mat aneren Uertschafte fënnt, ass d'Chance, datt et en Fake ass, ganz grouss. Fënnt een Medienberichter vu serieuxen Zeitungen dozou, kann een dovunner ausgoen, datt d'Informatioun stëmmt. Et lount sech och ëmmer, ob spezielle Säiten, déi Fakes an Hoaxes ënnersichen, nozekucken. Am däitschsproochege Raum mécht do Mimikama.at eng gutt Aarbecht. Fir aner Gerüchter, déi dacks als „urban legends“, also urban Legende bezeechent ginn, gëtt et den englesche Site snopes.com. Et kann een deene Site och Saachen eraschécken, déi si dann iwwerpréiwen.
Dir kënnt awer och selwer Detektiv spillen an zum Beispill Biller, déi angeblech eppes beweise sollen, googelen. D'Billersich vu Google kann nämlech net nëmme Biller zu engem Begrëff uweisen, mä och no engem Bild, dat dir eroplued, am Internet sichen. An sou fënnt een dann zum Beispill raus, datt angeblechen Dreck vu Refugien an Ungarn an Wierklechkeet een illegalen Dreckstipp aus dem Joer 2012 war.
Weider Informatiounen zu dem Thema fannt dir wéi ëmmer op bee-secure.lu