Vum Baggerweiher zum Naturparadäis!
Iwwer zwee Honnert Vullenarten, Insekten an alle Formen a Faarwen! Liewen am Waasser an u Land! Dat ass d’Naturschutzgebidd Haff Réimech! Et ass dat aarteräichst Fiichtgebidd zu Lëtzebuerg! A Biller festgehalen vum Willy Lang! Als Homage un dee viru kuerzem verstuerwen Déierefilmer weisen mir wéi sech d’Baggerweiher laanscht der Musel an en Naturparadäis verwandelt hunn!