Am Pisa weise mir wat an eisem Kierper geschitt, tëscht Entrée a Sortie. Erklären firwat ee vu Bounen méi pupe muss a wéi een am beschten vun enger Sténk-Wollek fortlafe kann. Mir kucken och wou an enger Schoul déi meeschte Bakterien laueren an op een den Toilettendeckel wierklech ofdecke muss, wann ee sech näischt afänke wëll. Fuerscher experimentéieren mat engem kënschtlechen Daarm fir erauszefannen wéi Krankheeten an eisem Daarm kënnen entstoen. An de Mister Science wëll d’Exkrementer zu Gold maachen.