Frankräich kënnt als neie Weltmeeschter aus Russland nees heem. Et ass deen zweete WM-Titel fir d’Equipe Tricolore. Mbappé a Co. hu sech an der Finall zu Moskau 4:2 géint Kroatien duerchgesat. Mir hunn de Match an déi lescht 4 Wochen nach eng Kéier Revue passéiere gelooss, mat eise Football-Experten: Roby Langers, Guy Hellers, Dan Theis, Hubert Meunier an Emilia Oliveira.