Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätzen ech iwwert een Thema, dat am Fong ganz simpel kléngt, mä et awer guer net ass. Riets ass dovunner, Donnéeën ze läschen. Normalerwéis probéiere mir jo, eis Donnéeë gutt ze versuergen an ze backupen, mä heiansdo ass et néideg, se gutt ze läschen. Sou zum Beispill, wann et drëms geet, een ale Computer ze verkafen oder ewechwerfen.
Op engem Computer sinn vill perséinlech Saachen, zum Beispill Fotoen, Videoen, vläicht och Texter déi net jidderee soll liesen oder esouguer Lëschte mat Passwierder. Et wier also zimlech fatal, wann eng Persoun déi ären ale Computer keeft, un déi Donnéeë géif kommen.
Et geet nämlech net duer, d'Donnéeën einfach an den „Papierkorb“ ze werfen an se do ze läschen. Um Hardisk funktionéiert dat nämlech esou: De Betriebssystem, also Windows, Linux oder Mac OS, markéiert déi Platzen, wou déi Donnéeën déi dir geläscht sinn hutt, als fräi. Dat passéiert, an dems d'Referenz am Index geläscht gëtt. Dat kann een sech sou virstellen, wéi wann an enger Bibliothéik een Buch zwar aus dem Katalog gestrach géif ginn, mä d'Buch am Regal géif stoe bleiwen. D'Donnéë gi réischt iwwerschriwwen, wann nei Donnéeën drop geschriwwe ginn. An eisem Bibliothéiksbeispiel géif dat Buch, dat mir geläscht hunn, réischt aus dem Regal geholl ginn, wann een neit Buch op déi selwecht Platz ageraumt géif ginn. Esou kann et sinn, datt mat spezielle Programmen är ganz Festplack erëm hirgestallt ka ginn. Esouguer wann dir den Harddisk nei formatéiert, ginn et ëmmer nach Méiglechkeeten, fir är Donnéeën erëm zeréck ze kréien. Wéi kann een dat verhënneren?
Wann een den Harddisk net méi brauch, muss een esou gutt et geet, zerstéieren. Ween net selwer mat der Buermaschinn hantéiere wëll, kann zum Beispill bei der Firma Streff seng Festplacke shredderen loossen. Op alle Fall gehéiert eng al Festplack net an eng normal Dreckskëscht, mä op den Recycling oder bei d'Superdreckskëscht.
Wann dir är Festplack just läsche wëllt, well dir äre Computer verkaaft oder verschenkt, ass et wichteg, een spezielle Programm ze benotzen, fir sécher ze goen, datt all d'Donnée fort sinn. Do virdru musst dir awer een Backup maachen, fir déi Saachen ze halen, déi dir hale wëllt. Een méigleche Programm wier zum Beispill d'Open Source-Applikatioun „Eraser“. Et ginn awer vill verschiddener sou Programmer, wouvunner verschiddener och geféierlech sinn. Wéi een beim Läschen am beschte virgeet, fannt dir detailléiert op bee-secure.lu respektiv bei cases.lu erklärt.