RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

By RTL Radio LëtzebuergSociety & Culture
Download on the App Store

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen episodes

  • Episod 108 - LPC: Sport, Participatioun an nei Perspektiven
    E Gespréich mam Serge Schaul, dem neie President vum Luxembourg Paralympic Committee, a mam Ruben Goncalves, dem administrativen Direkter

    Et geet ëm déi nei Ausriichtung vum LPC, d’Professionaliséierung an d’Wichtegkeet vun der Reintegratioun duerch de Sport. Och d’Limitatioun vun den Adapto-Faarten an hir Auswierkungen op d’Ausübe vum Sport kommen zur Sprooch. Donieft stellen d’Gäscht de 6. Paralympic Day vir, deen de 24. Oktober vun 10 bis 16 Auer ass.
    33 min
  • Episod 107 - Differenz ass keen Defizit
    Mat der Lydia Gonzales vun der asbl New Diversity geet et ëm ADHD, Virurteeler an e Bléck, dee Stäerkten an individuell Erfarungen an de Mëttelpunkt stellt

    Dobäi geet et och ëm den Afloss vu soziale Medien an den Informatiounsowend „ADHD verstoen“, den 21.
    Oktober 2026 um 18:30 Auer am Cercle Cité. Deen Owend gëtt a Zesummenaarbecht mat Info-Handicap an der Stad Lëtzebuerg organiséiert.
    26 min
  • Episod 106 - Fräiheet fänkt mat Vertrauen un
    Dësen Episod ass e ganz perséinlechen Hommage vum Sascha Lang u seng Mamm, säin Häerzensmënsch

    Marie-Josée Schuler, Mariejo, d’Mimm oder d’Jéiss wéi si ëmmer genannt gouf. Si erzielt vun engem Liewen voller Kraaft, Léift a Courage, dat de Sascha Lang bis haut inspiréiert. Gläichzäiteg ass et e Plädoyer dofir, Mënsche mat Behënnerung net ze beschützen, mä hinnen ze vertrauen an si ze stäerken.
    En Episod iwwer Erënnerung, Empowerment an d'Iwwerzeegung, datt richteg Ënnerstëtzung Fräiheet méiglech mécht.
    21 min
  • Episod 105 - 25 Joer Association Chien Guide d‘Aveugle au Luxembourg
    Eng feierlech Table Ronde

    Vun der Finanzéierung bis bei d'Akzeptanz war ee laange Wee. An d'Sensibiliséierung ass haut nach ëmmer wichteg.
    Eng Rees duerch Geschicht mam Blannenféierhond gëtt et an dësem Episod, mat engem Matschnëtt vun der Table Ronde.
    Flott Anekdoten, Gesetzer, Iwwerzeegungsaarbecht a vill engagéiert Leit maachen et haut méiglech, dass den Assistenzhond eng grouss Akzeptanz hei am Land huet.
    Den Sascha Lang ennerhält sech mat:
    Roland Welter, Chantal Haas, Raymond Ney, Matthias Schmit, Renée Michel an Kevin Feiereisen.
    1 hr 31 min
  • Episod 104 - Den Actiounsplang zur Digitaler Inclusioun
    Ee Plang net just fir Leit mat Behënnerung!

    An dësem Episod geet et mam Ben Max vum Digitaliséierungsministère ëm den nationale Plang fir digital Inclusioun zu Lëtzebuerg. Als zweeten Aktiounsplang vum Digitaliséierungsministère soll hien dofir suergen, datt d'Digitaliséierung jiddwerengem zougänglech bleift, an datt keen op der Streck bleift. Mir diskutéieren iwwer d'Erausfuerderunge vun der digitaler Transformatioun, d'Fërderung vun digitale Kompetenzen an d'Wichtegkeet, och net-digital Alternativen ze erhalen, fir datt jiddweree kann um gesellschaftleche Liewen deelhuelen.
    1 hr 6 min
  • Episod 103 - Réckbléck op d'SightCity 2026
    Méi ewéi just Innovatioun

    An dësem Episod kucke mir zesumme mam Christian Stahlberg op d'SightCity 2026 zu Frankfurt zeréck. Als Produzent a Moderator vum Podcast Sightviews begleet hien d'SightCity schonn zënter siwe Joer a kennt d'Messe wéi kaum en aneren. Mir schwätzen iwwer déi wichtegst Neiheeten, spannend Entwécklungen an d'Atmosphär op der gréisster Fachfoire fir blann a séibehënnert Mënschen. Zousätzlech deelen och Visiteuren hir Andréck a perséinlech Highlights.
    1 hr 1 min
  • Episod 102 - Tëscht Ateliers protégés an éischtem Aarbechtsmarché
    Wou steet Lëtzebuerg?

    An dësem Episod schwätze mir mam Aarbechtsminister Marc Spautz an der Christine Zimmer, Chargée de Direction vun Info-Handicap iwwert d’Aarbechtssituatioun vu Mënsche mat Behënnerung zu Lëtzebuerg. No der Info-Handicap-Veranstaltung vum 19. Mee, wou et ëm Erfarungen aus den Ateliers protégés an dem éischten Aarbechtsmarché goung, wollte mir méi wëssen. Wéi eng Erausfuerderunge ginn et fir Betraffener a Patronen? A wat kënnen déi nei Reforme wierklech verbesseren? Eng spannend Diskussioun iwwer Inclusioun, Chancen an d’Zukunft vun der Aarbecht.
    30 min
  • Episod 101 - SightCity 2026 – eng Plattform fir blann an séibehënnert Leit
    D’SightCity ass vum 27. bis den 29. Mee zu Frankfurt an ass déi weltgréisst Plattform fir Hëllefsmëttel, Innovatioun an Inclusioun.

    Am Interview mat der Dagmar Kruzki geet et iwwert Entwécklungen, Trends an d’Bedeitung vun där Foire. Iwwer 150 Aussteller, Virträg a Workshops bidden konkret Léisunge fir den Alldag vu blannen a séibehënnerte Mënschen. D’Evenement ass mëttlerweil méi wéi eng Messe, et ass eng Plaz fir Austausch, Vernetzung an nei Iddien.
    45 min
  • Episod 100 - D‘asbl Crunchbox stellt sech vir
    De Projet Hasilux, beschäftegt sech mat Autismus an Inclusioun

    Am Mëttelpunkt steet eng Plattform, déi Informatiounen, Erfarungen an konkret Hëllef fir Betraffener an hiert Ëmfeld zesummebréngt.
    D’Gespréich beliicht besonnesch d’Wichtegkeet vun der Sensibiliséierung fir onsiichtbar Behënnerungen an inklusiv Bildung. Dobäi ginn et inspiréierend Ablécker an e Projet, deen Inclusioun praktesch, verständlech an zougänglech mécht.

    Am Interview sinn: D'Carla Carvalho, d’Joanne Theisen an de Gérard Kieffer
    0 min

About RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

From the publisher's feed

De Podcast fir gelieften Inclusioun. Inclusioun bedeit net just datt Mënsche mat an ouni Behënnerung gutt zesumme liewen, mä och, datt si sech géigesäiteg verstinn. Als selwer Betraffenen traut sech…

More shows like RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners