By RTL Radio Lëtzebuerg
Den Alain Atten hëlt d'Lëtzebuerger Sprooch op de Leescht
Den Alain Atten iwwert den Dag no eisem Nationalfeierdag
Wann et op Muedeschdag reent, reent et 6 Wochen um Stéck. Wéini deen ominéisen Dag ass a wien deen Hellegen do hannendrun ass, weess den Alain Atten.
Den Alain Atten iwwert e Feierdag, deem säin Numm haut bal kee méi kennt.
Den Alain Atten erzielt eis haut iwwert gréng Fréijoersgebräicher laanscht d'Musel an an den Éisleker Dierfer.
Iwwermuer Dënschdeg ass et nees souwäit. Den Alain Atten hëlt eis mat op eng Rees an d'Vergaangenheet.
Bräich a Gewunnechten an eng al Freieschreegel
Nächst Woch hu mer en duebele Feierdag. Den Alain Atten iwwert e Fest mat engem uralen Numm.
Den Alain Atten iwwert bekannten a manner bekannte Mee-Bräich aus vergaangenen Zäiten.
Den Alain Atten kuckt schonn an deen nächste Mount a säi Kraitchen.
Den Alain Atten iwwert d'Traditioun an d'Konscht vum Eeërfierwen
"Buxus sempervirens" - oder méi einfach: Pällem. Den Alain Atten erzielt eis haut, 1 Woch virun Ouschteren, vu Gréngs, vum Blëtz a vun engem Iesel.
Haut ass St. Patrick's Day, den ireschen Nationalfeierdag, mä dat interesséiert den Alain Atten elo net.
Den Alain Atten erkläert eis nach eemol de Brauch vun der Bretzel a vum Ouschteree.
Neimound, Ouschteren, Schaltjoer, Bauerereegelen, Kierchentraditiounen an d'Joer 532 - den Alain Atten kritt eis haut nees un d'Rechnen.
Bis d'Fréijoer do ass, dauert wuel nach e Strapp. Den Alain Atten verspreet awer schonn e bëssche Virfreed ...
Geseente Käerzen, e Reech am Grapp, eng Sprenz am Hals an e Wollef deen d'Schwäin zeréckbréngt. Den Alain Atten zielt eis dann och nach, datt den hellege Blasius effektiv eppes mat blosen ze dinn huet ...
Den Alain Atten erzielt haut vun engem Dacks a vu Schnéier aus Wues. Liichtmëssdag - de Brauch vum heesche goen ...
Den Alain Atten erzielt eis haut d'Geschicht vum Toni a sengem Schwäin.
Den Alain Atten hëlt eis nees mat op eng Zäitrees bei där eng Rechemaschinn nawell vu Virdeel ka sinn ...
Hutt dir schonns är Galette des rois eragefeiert an d'Boun fonnt? Dann net vergiessen d'Kroun unzedoen. Dat ass jo esou e flotte Brauch ëm den Dräikinneksdag. Dozou gëtt et awer nach vill méi ze soen, eise Sproochmates Alain Atten geet...
De Sproochmates huet sech haut mam Pätterstéck.
Haut ass Hellegowend. Muer Chrëschtdag an iwwermuer den 2. Chrëschtdag, Stiefesdag. Den Alain Atten erënnert awer nach un e ganz alen Numm fir de 26. Dezember ...
Den Alain Atten zielt eis haut eppes iwwert de Beemchen.
4 Käerze fir déi 4 Sonndeger viru Chrëschtdag. Den Alain Atten erzielt haut iwwert de Brauch vum Adventskranz.
D'lescht Woch huet den Alain Atten eis eng Rutt bruecht, haut ginn et Kaddoen an e gutt gefëllten Teller. Nach 3 mol schlofe goen, dann ass Niklosdag.
Nach 10 mol schlofe goen, da kënnt en. Mä de Kleeschen huet jo meeschtens nach een dobäi. An iwwert deen erzielt haut eise Sproochmates Alain Atten.
Vun der Maus Ketti bis bei de Familljennumm Treinen: D'Catherine ass omnipresent am Lëtzebuerger Ländchen.
Gëschter war säin Dag. An der Zäit war Mäertesdag de Rendezvous fir Wënzer a Baueren. Den Alain Atten erënnert un de réimeschen Zaldot dee säin Mantel gedeelt huet ...
Vun Hellegen, Pateren, Béischten, Bréidercher, Schlësselen, Tollwut, Juegd a Maart: Den Alain Atten war nees a seng Archive wullen.
Allerhellegen oder Halloween? Den Alain Atten probéiert béides ënnert een Hutt ze kréien.
Vu Spannrieder, Liichtspéin a Maulafen ... den Alain Atten hëlt eis mat an eng Zäit wou nach alles seng Zäit hat.
Allerhellegen ass nach net fir haut a muer, den Alain Atten bastelt awer schonn um Trauliicht.
Den Oktober gëtt och nach "Wäimount" genannt. Den Alain Atten hëlt eis haut mat an de Wangert.
Vu Misch bis Mike: Méchelsdag. Fréier mol e Feierdag am Bauerewiesen an am Handwierk. Den Alain Atten hëlt eis mat zeréck bis an d'Mëttelalter.
Déi grouss Vakanz ass eriwwer. Mä fréier gouf et am Hierscht dacks nach eng zousätzlech Vakanz. Schold heirun war d'Gromper. E Fall fir den Alain Atten.
Dës Woch beschäftegt den Alain Atten sech mam Patréiner un deen den 1. September geduecht gouf. Den hellege Gilles, a wat deen Datum esou wichteg mécht.
Beim Alain Atten dréint sech haut alles ronderëm déi Stater Kiermes um Glacis.
't ass Kiermes am Duerf ... an dëser Deeg jo an der Stad. Den Alain Atten hëlt de Brauchkalenner nees eraus.
De Feierdag matzen am Summer: Maria Himmelfaart, Krautwëschdag Léiffrawëschdag - den Alain Atten erzielt aus vergaangenen Zäiten ...
Brandhellegen, Wiederhellegen ... a wat de Laurent mat Luerenzweiler an Ungarn verbënnt: Den Alain Atten huet den Iwwerbléck.
Den Alain Atten entféiert eis an eng Zäit wou nach kee Méidrescher iwwert d'Feld getuckert ass.
D'Evolutioun vun de Nimm Jakob, Jacques a Jacqueline a Jeanne interesséieren eise Sproochmates haut. Den Alain Atten huet sech mam Jakobsdag.
Mir kucken op de Kalenner, den 22. Juli ass dem Madeleine säin Dag. Ma mat eisem Sproochmates Alain Atten geet et och an de Süde vum Land, well do wunne se zu Lamadelaine.
Thibault, Theobald, Téibelt, Téiwelt. Den Alain Atten iwwert en Hellegen, deen anscheinend vu Pëtten bis op Santiago de Compostela gereest ass.
Péiter a Paul - den Alain Atten iwwert de Feierdag vum 29. Juni.
Den Alain Atten befaasst sech haut mam Dag no Nationalfeierdag: E chrëschtleche Feierdag zum Gedenke vum hellege Jang den Deefer.
An der Zäit goufen et hei am Land eng etlech Fréijoersgebräicher déi haut bal kee méi kennt. Haut erënnert den Alain Atten un de "wëlle Mann".