Zeenewiessel

S02E01: D'Finanzdirektesch


Listen Later

De 7. Februar 2024 kritt d'Caritas-Finanzdirektesch e Mail vum "marc.crochet55(at)gmail.com". Si soll dem Generaldirekter Marc Crochet bei enger geheimer finanzieller Transaktioun hëllefen. An hir Äntwert kënnt direkt: "Ok bien reçu". Wéi verhält d'Finanzdirektesch sech wärend den éischte Woche vun der Fraude? A wéi kann et sinn, datt si op ee Presidententrick eragefall ass?

Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.

"Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden.

Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel.

Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel.

Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich.

Fir Froen a Feedback: [email protected]

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

ZeenewiesselBy radio 100,7