Zeenewiessel

S03E01: Schéin nei Aarbechtswelt


Listen Later

D’Plattformekonomie lieft vun engem Verspriechen: Hei kann ee séier an onkomplizéiert Sue verdéngen. Genee dat huet den Ibrahim Alibrahim motivéiert sech bei der Plattform Wolt unzemellen. Hie liwwert Iesse bei Clienten, déi hir Bestellungen iwwer eng App maachen.

Den 32 Joer ale Syrer ass mat senger Famill op Lëtzebuerg geflücht. An der éischter Episod vun “Ausgeliwwert” begleet de Léonardo Kahn hien a sengem Aarbechtsalldag. Een Alldag, dee markéiert ass vun der Hoffnung awer e bësse méi ze verdénge wéi de Mindestloun.

“Ausgeliwwert”, eng Recherche iwwer d’Plattformaarbecht zu Lëtzebuerg, ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel.

Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel.

Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien.

Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich

Fir Froen a Feedback: [email protected]

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

ZeenewiesselBy radio 100,7