Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir iwwert den Safer Internet Day. Deen ass schon muer Dënsden, den 9. Februar 2016. Den Safer Internet Day ass een weltwäiten Aktiounsdag steet dëst Joer ënnert dem Motto „Play your part for a better internet“, also: Spill deng Roll fir een besseren Internet! Et soll also op Positivbeispiller vu gudde Communities opmierksam gemaach ginn an illegalen oder geféierleche Contenu gemellt ginn.
D'Zieler vum Safer Internet Day sinn, d'Bewosstsinn fir d'Thema „sécher Internetnotzung“ ze förderen an Kanner, Jugendlechen, Elteren an Pädagoge mat Informatiounen an prakteschen Tuyauen ze ënnerstëtzen. Ausserdeem sollen déi verschidden Akteure wéi Institutiounen oder Firmen op nationalem an internationalen Niveau zesummen eng weltwäit Campagne duerchféieren. Um Safer Internet Day sollen dann och d'Medien an Ëffentlechkeet speziell op d'Thema „sécher Internetnotzung“ sensibiliséiert ginn.
Matmaache ka jiddereen – egal op Privatpersounen, Firmen, Schoulen, Jugendhaiser oder aner Organisatiounen. Zu Lëtzebuerg ass och eng ganz Rëtsch un Aktioune geplangt. De Safer Internet Day start mat enger Pressekonferenz vu BEE SECURE, wou den Joresbericht 2015, een neien pädagogesche Leitfuedem fir d'Grondschoul an déi nei Poustere fir d'BEE SECURE Helpline an Stopline virgestallt ginn. De ganzen Dag iwwer wäerte ronn eng 100 Kanner aus Maisons Relais aus dem ganze Land un enger Rallye deelhuelen, wou si iwwert sécher Internetnotzung informéiert ginn.
Um Radio ARA leeft zwëschen 3 a 4 eng Radiosendung vun der Medienklass aus dem Lycée Michel Rodange zum Thema. Am Hackerspace „Level 2“ zu Bouneweg gëtt et um halwer 7 owes den „Digital Privacy Salon“, een oppent Treffe mat Experten aus dem IT-Beräich, wou jidderee léiere kann, seng Privatsphäre mat technesche Mëttelen ze schützen. Ausserdeem bedeelegen sech ganz vill Maisons Relais mat spezielle Safer Internet-Aktivitéiten um Safer Internet Day.
Dir kennt awer och selwer aktiv ginn! An dat, an deem s dir Kollegen an Famill op den Safer Internet Day opmierksam maacht. Dat geet iwwert den Service „Thunderclap“, deen zu engem bestëmmten Zäitpunkt automatesch fir iech op twitter oder facebook post an sou eng gemeinsam Well vun Tweets an Posts lassléisst. D'Hashtags fir muer sinn #SID2016, #iplaymypart #playyourpart
Zu gudder Lëscht kënnt dir BEE SECURE och op facebook an twitter liken respektiv followen. A ween ëmmer nach net genuch vum Thema Sécher Internetnotzung huet, ka muer de ganzen Dag BEE SECURE-Podcasts am Archiv op podcast.bee-secure.lu lauschteren. Weider Informatiounen zum Thema an de ganze Programm fannt dir op bee-secure.lu/sid