Am Summer sinn vill vun eis méi ënnerwee wéi soss. A grad wann d‘Wieder gutt ass, setze vill Leit gäre mol op enger Terrasse vun engem Café oder soss engem Lokal. An do notzt een – wéi an der Vakanz am Ausland souwisou – gäre mol den ëffentleche WLAN. Dat ass allerdéngs net ëmmer ouni Risiko. Ech erklären iech dofir haut, wouropper dir oppasse kënnt, wann dir an engem ëffentleche WLAN ënnerwee sidd.
Ganz graff ginn et zwou Méiglechkeeten, wéi een ëffentleche WLAN funktionéiere kann: de WLAN ka komplett op sinn oder et kann een Passwuert drop sinn. Am éischte Fall, also am oppene WLAN ass d‘Kommunikatioun grondsätzlech onverschlësselt. All anert Gerät, dat am Netzwierk ass, ka prinzipiell mat lauschteren an Donnéeë wéi Passwierder, Usernimm oder d‘Texter vun E-Maile gewuer ginn. Eng aner Method, fir iech ofzelauschteren ass een Fake-Netzwierk opzemaachen, dat am Géigesaz zum richtegen, offizielle WLAN kee Passwuert huet.
Wéi kann ech mech dann elo schützen? Als éischt ass et wichteg, Passwuert-geschützt Netzwierker ze benotzen, wou se do sinn. Zéckt net, z.B. d‘Personal vun engem Café nom Passwuert ze froen. Benotzt op kee Fall oppen Netzwierker, déi een vermeintlechen Tippfeeler am Numm hunn. Déi kënnen eng Fal sinn. Wann iech äre Computer freet, op dir an engem ëffentlechen oder privaten Netzwierk sidd, sot op alle Fall d‘Wourecht. Mat den Astellunge fir d‘privat Netzwierk kënnen zum Beispill gedeelte Fichieren oder är iTunes-Bibliothéik fir aner Leit accessibel sinn.
Ee wichtege Punkt ass och, an oppenen Netzwierker just verschlësselt Verbindungen ze benotzen. Déi erkennt dir dorunner, datt an der Adresszeil een zouent Schlass ze gesinn ass an d‘Adress mat httpS amplaz just http ugeet. Et gëtt och Addons wéi zum Beispill „ https everywhere“ déi iech dobäi hëllefe kënnen. Wann dir Zougrëff op een VPN, also een virtuellt privat Netzwierk hutt, sollt dir dat benotzen. Doduerch gi sämtlech Verbindunge verschlësselt an keen am oppene WLAN kann är Kommunikatioune matliesen.
Dir sollt an engem ëffentleche WLAN och keng Updates eroflueden an installéieren. Dat ass dowéinst wichteg, well et Methode ginn, fir esou Updates ze faken. Dir géift dann onabsichtlech eng Malware eroflueden an installéieren, déi engem Hacker Zougrëff op är Maschinn géif ginn.
Wann dir dës Tipps behäerzegt, steet dem surfen am Café oder op der Terrasse am Fong näischt méi am Wee – mä bei dem gudde Wierder lount et sech, och mol wuertwiertlech ofzeschalten!