Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut zwitscheren ech iech mol eppes. Oder éischter: Mir schwätzen haut iwwert twitter. Twitter ass een sozialt Netzwierk, dat et schonn zimlech laang gëtt, dat awer net esou populär ass wéi zum Beispill Facebook oder Instagram. Mat net méi wéi 140 Zeechen huet een net sou vill Platz, fir sech auszedrécken. Dofir ass d‘Stäerkt vun twitter d‘Vitesse. Wann iergendwou op der Welt eppes geschitt, kënnt dir sécher sinn, datt iergendeen doriwwer twitteren wäert.
Och vill Prominenter, Staren a Politiker sinn op twitter ënnerwee. D‘Méiglechkeet, als éischt eppes vun enger Persoun, déi een bewonnert, gewuer ze ginn oder souguer mat hir a Kontakt trieden ze kennen, ass een Deel vum Reiz vun twitter. Vill Jonker mellen sech genee dowéinst op twitter un: fir hirer Stars – sief dat aus Film, Musek oder vu Youtube – ze followen an ze liesen, wat déi de ganzen Dag sou dreiwen.
Mä och op twitter sollt een op säin Account oppassen. Als éischt gëllt et, sech ze decidéieren, op een een geschützten oder een oppenen Account wëll. Wann ären Account geschützt ass, kënne just Leit är tweets liesen, déi dir akzeptéiert hutt, zum Beispill är Kollegen. De Nodeel ass, datt een sou net bei gréissen Diskussioune matmaache kann, déi dacks iwwert Hashtags gefouert ginn an dovunner liewen, datt vill Leit tweets zu engem bestëmmten Thema liesen.
An ärem Profil kënnt dir eng kuerz Selbstbeschreiwung, är Uertschaft an äre Gebuertsdatum aginn. Och hei sollt dir iwwerleeën, wat fir Informatiounen dir der ganzer Welt wëllt ginn. Et ass eng gutt, grad bei der Uertschaft net all ze genee ze sinn an vläit just d‘Land unzeginn.
Wéi bei all Service ass et och bei twitter wichteg, een séchert an eenzegaarteg Passwuert ze benotzen. Wann dir een Account hutt, deen e puer Leit benotze kenne sollen, zum Beispill fir een Club oder eng Initiativ, bidd et sech un, den Service tweetdeck ze benotzen an den Account fir méi User fräizeschalten. Sou musst dir kee Passwuert weiderginn. Och twitter huet déi duebel Authetifizéierung, déi iwwert d‘App um Handy funktionéiert. Dir kennt och eng Telefonsnummer uginn, fir ären Account am Noutfall per SMS ze reaktivéieren.
Doduerch, datt twitter just 140 Zeeche pro tweet erlaabt, sinn Servicer entwéckelt ginn, déi Links verkierzen. Doduerch gesäit een net ëmmer, wou een elo wäert hin klicken. Et lount sech dofir, eng Extensioun ze installéieren, déi iech wéist, wouhinner dir wäert klicken. Soss gëllt et wéi ëmmer virsiichteg ze sinn an net op alles ze klicken, wat iech ënnert Maus kënnt, mä virdrun nozedenken. Dat gëllt och besonnesch fir Apps oder Websäiten, déi sech mat twitter verbanne wëllen. Hei sollt een besonnesch gutt oppassen, wat een mécht an wat fir Berechtegungen sou eng App huet.
Ween des Reegelen am Hannerkapp behält, ka vill Spaass op twitter hunn an do souguer vläit nei Kollege kenne léieren – ech perséinlech hunn zum Beispill vill Frënn do fonnt.
Weider Informatiounen zum Thema Internetsecherheet fannt dir op bee-secure.lu
Quellen:
https://support.twitter.com/articles/484831
https://www.postplanner.com/how-to-keep-your-twitter-account-secure/