Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir iwwert Youtube. Wuel jidderee kennt de Site, ob deem een all Zort vu Videoe kucke kann. Mä et kann een eben och selwer een Kanal opmaachen an der ganzer Welt seng Videoe weisen. Haut soll et dorëms goen, wéi een dat sécher ka maachen.
Et brauch een am Fong net méi wéi een Computer, deen een Mikro an eng Webcam huet, een ganz normale Laptop geet fir den Ufank also duer. Verschidde Leit erzielen einfach aus hirem Liewen, anerer schwätzen iwwert Iessen, Kleeder, Gadgeten, Computerspiller, Sexualitéit, Musek an sou weider. Dofir ass dacks kee groussen techneschen Opwand néideg. Als éischt sollt een iwwerleeën, wouriwwer een säi Kanal maache well an wat fir een Public een areeche well.
Besonnesch beléift sinn och sougenannt „Let‘s play“s, wou eng Persoun een Computerspill spillt an dat – dacks witzeg – kommentéiert. Ween sou eppes well maachen, muss dorobber uechten, datt een eng Erlaabnis vun den Entwéckler vum Spill dofir brauch. Op deenen hiren Homepagë fënnt een dacks een Text, deen erklärt, wat erlaabt ass a wat net. Ween sech selwer filmt, sollt dobäi oppassen, datt am Bild keng perséinlech Detailer ze gesi sinn, also een zum Beispill net gesäit, wou dir genee wunnt.
Wichteg ass och, datt dir iech informéiere musst, wat fir Musek dir an äre Videoe benotzen dierft. Youtube stellt eng ganz Rëtsch vu Ressourcen zur Verfügung, déi fräi benotzt kënne ginn.
Soe mir mol, dir hutt ären éischte Video opgehal an maacht iech een Youtube-Kanal. Wichteg ass et dann, sech d‘Privatsphären-Anstellungen vu Youtube genee unzekucken. Dir kënnt zum Beispill ausschalten, datt är Likes an Abonnementer ëffentlech sinn. Och ween äre Kanal gesi kann, kënnt dir astellen. Am Ufank ass et vläit eng gutt Idi, fir den éischte Video just Frënn a Bekannten ze weisen an en eréischt ganz ëffentlech ze stellen, wann dir positive Feedback dozou kritt hutt.
Wichteg ass et ausserdeem, en séchert Passwuert fir den Account ze maachen, dat Passwuert regelméisseg ze wiesselen an am beschten d‘Prozedur fir säi Passwuert vu Google zeréck ze kréien auszefëllen.
Iwwerleet iech och, op dir d‘Kommentaren ënnert ärem Video aschalte wëllt. Grad wa Leit ufänken, iech iwwert dëse Wee Frechheeten ze maachen, kann een d‘Diskussioun einfach ofschalten oder déi respektiv Leit blocken. Et muss een sech och net de Virworf maache loossen, dat wier Zensur: Meenungsfräiheet heescht zwar, dat jidderee bal alles soen dierf, mä et kann awer kee gezwonge ginn, dat ze liesen.
Selwer Videoen op Youtube stelle kann eng enorm gutt Erfahrung sinn. Wann een selwer e Medium mécht, léiert een dobäi ëmmer vill doriwwer, wéi aner Medie funktionéieren. Mä wéi iwwerall am Internet ginn et och bei Youtube e puer Saachen, ob déi een oppasse muss. Ween sech eis Tipps zu Häerz hëlt, kann entspaant op de Wee zum eegene Kanal goen …
Weider Informatiounen zum Thema Internetsécherheet fannt dir op bee-secure.lu
Links mat wéideren Tipps:
Privacy Settings and Saftey Tips for YouTube
5 tips to protect your YouTube account
Is it OK for my kid to start her own YouTube channel?