BEE SECURE.lu op Radio ARA

Sécher Passwierder


Listen Later

Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätzen ech iwwert een Begrëff, deen ech schonn dacks ernimmt hunn an deen een vun deene wichtegsten Themen ass, wann et drëms geet, sécher am Internet ënnerwee ze sinn. Et geet ëm Passwierder.

Wat ass dann iwwerhaapt een séchert Passwuert? Als éischt ass et wichteg, keng ganz kuerz oder offensichtlech Passwierder ze benotzen. D‘Zuelen 123456 oder d‘Wuert „Password“ sinn déi am heefegst genotzte Passwierder op der Welt. Dat weess och all Cyberkriminellen an sou heefeg Passwierder sinn déi éischt, déi probéiert wäerte ginn.
Da sollt äert Passwuert méiglechst laang sinn an net just aus Wierder bestoen, déi an engem Dictionnaire stinn. Ausserdeem däerft äert Passwuert net aus perséinlechen Informatioune bestoen, déi anerer wëssen oder rode kënnen. Äre Gebuertsdatum, de Numm vun ärem Hond, ärer Bomi oder är Adress sinn also absolut Tabu.
Traditionell geet een dovunner aus, datt een gutt Passwuert op mannst 12 Zeeche laang ass an aus Zifferen, Symboler, klengen a grousse Buschtawe besteet. Ausserdeem sollt een net z.B. einfach een O duerch eng Null ersetzen, well och dëst vill ze liicht ze roden ass.
Een Trick fir sech Passwierder gutt mierken ze kënnen, ass een Saz ze huelen an en an een Passwuert ëmzewandelen. Aus „Op der Wiss vum zweete Bauer stinn dräi Kéi a friesse Gras“ géif een d‘Ufanksbuschtawe vun all Wuert huelen an d‘Passwuert „OdWv2Bs3KafG!“ maachen, mat Kléng a Groussschreiwung, Zuelen an vläit och nach e puer spezielle Symboler.
En aner Method ass, fir sech mat sougenannter „Diceware“ een Passwuert ze wierfelen. Et kritt een vum Programm sechs zoufälleg Wierder gewisen an muss dann e puer mol wierfelen, bis een een zoufällegt Passwuert kritt huet.
Am beschten ass et, fir all Login, deen een benotzt, een neit Passwuert ze benotzen. Déi kann een sech schwéier alleguerte mierken. Et kann een sech awer hëllefe loossen: Ee Passwuert-Manager wéi KeePass, 1Password oder Dashlane kann d‘Passwierder fir een selwer verhalen an späichert se och verschlësselt.
Zu gudder Lëscht dann nach een wichtege Rotschlo, dee gëllt, egal wéi gutt d‘Passwierder sinn: Ee Passwuert ass wéi eng Zännbiischt. Et sollt een se ëfters wiesselen. Lo wier zum Beispill een gudde Moment, fir dat als digitale Fréijoersbotz ze maachen an all Passwuert duerch een séchert ze ersetzen.
Weider Informatiounen zum Thema sécher Passwierder fannt dir op bee-secure.lu

Wéider Quell:
http://www.howtogeek.com/195430/how-to-create-a-strong-password-and-remember-it/
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

BEE SECURE.lu op Radio ARABy BEE SECURE.lu op Radio ARA