Moien, hei ass de Joël vu BeeSecure. Haut schwätzen ech vun engem Sécherheetsproblem, deen Android-Geräter betrëfft. Android ass een Betriebssystem, dee vu Google entwéckelt ginn ass an op enger Hellewull vun Handyen an Tableten leeft.
Schon am Juni ass bekannt ginn, datt et an ville Versioune vun Android een Sécherheetsproblem gëtt, deen d'Experten „Stagefright“ gedeeft hunn. Vun dem Problem sollen all Geräter mat Android 2.0 bis 5.1 betraff sinn. Dat sinn 95 % vun alle Geräter mat Android. Fir de Sécherheetsproblem auszenotzen ass fir een Ugräifer am Prinzip just néideg, eng MMS oder eng Hangout-Noriicht ze schécken.. D'MMS muss net mol aktiv vum User opgemaach ginn, mä et geet duer, datt den Telefon ze kritt.
MMS ass eng Funktioun, déi ville Leit haut wahrscheinlech onbekannt ass. D'Ofkierzung steet fir Multimedia Messaging Service. Dëse Service ass eng Extensioun vun de normale SMSen, déi et erlaabt, Fotoen oder Téin un aner Handyen ze schécken. Dat klengt an Zäite vu Facebook an Messenger-Apps wéi WhatsApp oder Telegram banal, mä virun den Smartphones war d'Méiglechkeet, eng mini kleng Foto kënnen ze verschécken eng Neiegkeet. Obwuel déi meescht Leit haut éischter op speziell Apps zeréckgräifen, fir Fotoen ze verschécke, sou ass d'MMS-Funktioun op deene meeschten Android-Handyen standardméisseg aktivéiert.
Den 1. Oktober ass bekannt ginn, datt d'Entdecker vu Stagefright, d'Sécherheetsfirma „Zimperium“, eng zweet Versioun vu Stagefright entdeckt hunn. Vun där Lück wieren alleguerten d'Android-Versiounen betraff. Anescht wéi bei der éischter Stagefright-Versioun gëtt et net just eng Méiglechkeet fir d'Attack, mä verschiddener.
Wat kann een elo maachen, fir sech an säin Handy ze schützen? Wichteg ass, datt dir Updates vun ärem Betriebssystem ëmmer maacht, an zwar am beschten esoubal se erauskommen. Fir ze testen, ob deen eegenen Handy vu Stagefright betraff ass, gëtt et eng App vun Zimperium. De Stagefright Detector préift verschidde Schwaachstellen vun der éischter Stagefright-Versioun. Wann den Handy betraff ass, kann een d'MMS-Funktioun ausschalten an esou verhënneren, datt een Affer vun enger Attacke kéint ginn.
Angeblech soll et och geschwënn een Update vu Google ginn, deen och déi zweet Versioun vu Stagefright betrëfft. Dësen Update wäerten awer wuel vir d'éischt just Leit mat engem Nexus-Handy, der Handymark vu Google, kréien. De Recht muss waarden, datt d'Hiersteller vun hire Geräter den Update och aspillen. Dat ka leider eng Zäit daueren.
Bis dohinner hëlleft et, informéiert ze bleiwen. Dofir liked BEE SECURE op Facebook an gitt regelméisseg op eise Site bee-secure.lu kucken, fir um Lafenden ze bleiwen.