BEE SECURE.lu op Radio ARA

Sue verléiere liicht gemaach


Listen Later

Et klengt ëmmer ze gutt, fir wouer ze sinn: Eng Persoun sollt angeblech duerch een geheimen „Trick“ un de Bourse während e puer Stonnen dausende vun Euro gewonnen hunn. Oder eng Persoun huet een lukrativen Niewenjob, bei dem si e puer Stonnen am Dag mat Aktien handelt an sech sou eng gëllen Nues verdéngt. Sou Geschichte fënnt een gären op besonnesch haarden an penetranten Reklammen am Internet. Heiansdo sinn et Videoen, heiansdo ginn déi wonnerbar Geschichten awer och einfach am Text erzielt. Se klengen op alle Fall ëmmer onrealistesch, mä immens gutt. Wat stécht dohannert? Iert ech iech dat erklären, erzielen ech iech eng aner Geschicht.
Stellt iech vir, dir wiert interesséiert dorunner, mat Aktien ze handelen an wéilt léieren, wéi dat geet. Mir héieren all Dag vun den Finanzmäert an de Noriichten, do ass et nëmmen normal, datt een virwëtzeg gëtt. An lo gesitt dir duerch Zoufall eng Reklamm fir eng App, déi genee dat offréiert: eng liicht an spilleresch Method, fir ze léieren, wéi een op der Bourse handelt. Et muss een och keng richteg Suen investéieren, mä et kann een mat Spillgeld operéieren.
Déi zwou Geschichten – déi onglafwierdeg Reklamm op der enger Säit, déi spilleresch App op der anerer – klengen net, wéi wann se vill mateneen ze dinn hätten. Mä et geet trotzdem ëm déi selwecht Saach. D‘App, déi ech beschriwwen hunn, nennt sech „Bux“ an déi mécht an der Läscht zimlech vill Reklamm op social media an probéiert mat hirem Layout virun allem Jonker unzelackelen.


Wat awer réischt am Klenggedréckten steet: Souwuel bei eisen iwwerdréite Reklamme wéi och bei Bux geet et net ëm traditionell Aktien, mä ëm sougenannt „contracts for difference“, kuerz CFD. Bei engem CFD keeft een keen Undeel un enger Firma, mä et Wett een just drop, op de Kurs vun enger Aktie klëmmt oder fält. CFD gëllen als héich-riskant Form, fir seng Suen unzeleeën an ginn net fir Ufänger recommandéiert. Et ass bei CFD souguer méiglech, datt een méi Sue verléiert, wéi een investéiert huet. Och wa Bux mat Spillgeld lackelt: Dat ass iergendwann opgebraucht, da muss een richteg Sue benotzen, fir weider „spillen“ ze kënnen.
Et sollt am Fong kloer sinn: Et gëtt kee Geheimnis, fir un de Boursen iwwer Nuecht zum Millionär ze ginn an et kann een och net duerch eng einfach App léieren, wéi een Aktienhändler gëtt. Ween sou eppes versprécht, ass am Endeffekt onéierlech an wahrscheinlech just op eis Suen eraus.
Et ginn awer Méiglechkeeten, fir sech wierklech mat Aktien an der Bourse auserneen ze setzen, ouni musse Suen ze investéieren: beim „Planspiel Börse“, dat all Joer och zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt, kënne Schüler mat de richtegen Donnéeë vun der Bourse léieren, wéi de System vun Aktien, Dividenden an Wäertpabeiere funktionéiert. Och déi däitsch Dageszeitung FAZ bidd online een Börsenspill, bei dem kee Geld gebraucht gëtt.
Weider Informatiounen zum Thema Internetsécherheet fannt dir op bee-secure.lu
Quellen:
https://en.wikipedia.org/wiki/Contract_for_difference

http://getbux.com/

http://www.planspiel-boerse.de

http://boersenspiel.faz.net/
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

BEE SECURE.lu op Radio ARABy BEE SECURE.lu op Radio ARA