Den Tahar Ben Jelloun ass zu Gaascht beim Jean Portante. "Le plus beau pays du monde" heescht säin neit Buch, dat virun dräi Wochen a Frankräich erauskoum. Kee Roman dëst Kéier, mee 14 Kuerzgeschichten an deenen sech sympathesch a manner sympathesch Personnagen zu Casablanca, Tanger oder Fès mam marokkaneschen Alldag ausenanersetzen.