1973, zwee Joer nodeems hien a Frankräich agewandert war, huet de franko-marokkanesche Schrëftsteller Tahar Ben Jelloun eng bal 40 Joer laang Kollaboratioun mat der franséischer Zeitung Le Monde ugefaangen. Erstaunlech fir e jonken Awanderer aus dem Maghreb. Dat war 14 Joer éier hien de Goncourt krut fir säi Roman “La nuit sacrée”. Virun e puer Woche koum elo bei Gallimard ënnert senger Fieder e Buch eraus, dat den Titel “Pigiste au Monde” dréit. En autobiographeschen Text, an deem hien seng gutt a schlecht Erfarungen als freelance Journalist erzielt. Zu gläicher Zeit erlaabt dat him e kritesche Bléck op dat lescht Véierel vum 20. an den Ufank vum 21. Joerhonnert ze geheien. Doriwwer huet hien sech mam Jean Portante, an der Emissioun Voix d'auteurs ënnerhal.