Zanter gëschter ass de FED Cup amgaangen. D´Lëtzebuergerinnen hunn um éischten Dag 1-2 géint Schweden verluer. Haut spillen si zu Esch am Nationalen Tennis Zenter géint Serbien. Am éischte Match huet d´Laura Correia an 2 Säz géint d´Olga Danilovic verluer. Schonns virum Tournoi war et d´Nouvelle, dass d´Mandy Minella wéinst enger Gripp net kéint spillen. Am Tie-Break vun haut schalte mir elo live op Esch bei de Rich Simon deen och eng Spillerin bei sech huet déi net ka spillen.....